lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Iechternach From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Bech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bech vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Bech | |
---|---|
d'Märei vu Bech (2006) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bech de: Bech |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Iechternach |
Chef-lieu | Bech |
Buergermeeschter | Jill Goeres |
Awunner | 1.337 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.331 ha |
Héicht | 408 m |
Koordinaten |
49° 45’ 07’’ N 06° 21’ 46’’ O |
LAU-Code | LU1002 |
Websäit | http://www.bech.lu/ |
|
|
Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff oder Lieu-diten:
D'Schichtstuf vum Lëtzebuerger Sandsteen verleeft queesch duerch d'Gemeng: D'Uertschafte Kräizenhéicht, Heeschbreg, Kuebebuer an d'Schanz leien um Plateau, iwwerdeems Rippeg, Zëtteg, Hemstel a Bech um Fouss dovu leien. D'Schanz ass, mat 400 m deen héchste Punkt an der Géigend. Grolënster, de Blummendall an de Marscherwald leien um westleche Wupp vun der Gemeng.
Duerch d'Gemeng leeft d'Nationalstrooss 11 (E29) vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach.
D'Streck vun der fréierer Vizinalbunn Chareli ass um Fouss vun der Schichtstuf verlaf, an hat tëscht 1904 an 1954 Arrêten zu Rippeg, Hemstel, Zëtteg a Bech. En Tunnel dovun ass haut nach erhalen, a gëtt, wéi d'fréier Eisebunnsstreck, vun der Vëlospist PC2 benotzt. An der fréierer Becher Gare ass haut e Restaurant.
D'Gemeng Bech ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regime entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Administratiounseenheeten bestoe bliwwen. Mat engem Gesetz vum 25. Juli 1846 gouf d'Sektioun Marscherwald vu Konsdref ofgespléckt a koum an d'Gemeng Bech.
Quell:STATEC
Beschreiwung am Originaltext: D'argent à la croix ancrée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à l'ancienne de cinq pendants d'argent. |
D'Gemeng Bech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.