From Wikipedia, the free encyclopedia
De Blummendall ass eng Uertschaft an de Gemenge Bech a Jonglënster.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Blummendall | |
---|---|
Am Blummendall | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Blumenthal de: Blumenthal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton |
Iechternach Gréiwemaacher |
Gemeng |
Bech Jonglënster |
Buergermeeschter |
Jill Goeres Bernard Ries (DP) |
Awunner | 74 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 44’ 40’’ N 06° 15’ 57’’ O |
De Blummendall läit tëscht Grolënster a Reiland op der Nationalstrooss 14 op enger Héicht vun 281 Meter, um Zesummefloss vun der Heesterbaach an der Schwaarzer Iernz. D'Uertschaft läit op der Grenz vun zwou Gemengen an zwéi Kantonen:
Strooss | Haus-Nr | Gemeng | Kanton |
---|---|---|---|
Dikkrecherstrooss | 1 – 5 an 2 – 12 | Bech | Iechternach |
Haupeschbierg | 1▲, 8 an 10 | ||
Route de Diekirch | 30 – 36 | Jonglënster | Gréiwemaacher |
Rue de la Forêt | 1 | ||
Am Haupeschbierg | 3 – 5▲ | ||
Jeanharis■ |
▲ d'Gemengen- a Kantonsgrenz leeft duerch d'Haus
■ An der nationaler Datebank vun den Adressen als Jeanharis oder Jeanharishaff agedroen; op der Plaz als Rue Jean Haris gezeechent
D'Uertschaft Blummendall ass eréischt am spéiden 18. Joerhonnert entstanen, op der Ferraris-Kaart ass se nach net agezeechent. Se schéngt ëm 1820 um alen Iechternacher Wee entstanen ze sinn a bestoung sengerzäit aus e puer Haiser vun Doléiner, déi gréisstendeels op groussen Häff ronderëm geschafft hunn[1].
Et konnt awer nogewise ginn, datt e Flouer an der Ëmgéigend schonn an der Alsteenzäit besidelt.
Net wäit vum Blummendall ewech goufen 1935 déi stierflech Iwwerreschter vum “eelste Lëtzebuerger Mann” entdeckt.
Den Numm vun der Uertschaft huet näischt mat Blummen ze dinn, mä d'Historiker huelen un, datt e sech op de keltesche Gott vun der Sonn „Bel“, och „Belaun“ genannt, oder awer op d'Gëttin „Belisama“, d'keltesch Gëttin vun der Juegd, bezitt.[2][1]
Commons: Blummendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.