From Wikipedia, the free encyclopedia
De Comité olympique et sportif luxembourgeois, kuerz COSL, ass den Nationalen Olympesche Kommitee zu Lëtzebuerg.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Comité olympique et sportif luxembourgeois | |
---|---|
Ofkierzung | COSL |
Grënnungsdatum | 1912 |
Memberen | 63 (Dezember 2023) |
Sëtz |
Maison des sports Josy Barthel 3 route d'Arlon, Stroossen |
President | André Hoffmann |
Generalsekretär | Ralf Lentz[1] |
Websäit | teamletzebuerg.lu |
Den COSL ass 1912 gegrënnt an de 27. Januar 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[2]. En huet säi Sëtz an der Maison des sports Josy Barthel zu Stroossen.
Den COSL ass 1912 ënner dem Numm Comité olympique luxembourgeois (COL) gegrënnt ginn. Grënnungsmembere war engersäits d'Union des sociétés luxembourgeoises de gymnastique (USLG), déi 1899 gegrënnt gi war an anersäits d'Fédération des sociétés luxembourgeoises de sports athlétiques (FSLSA), déi 1908 gegrënnt gi war. Se hu sech ëm de Fussball, d'Liichtathleetik, d'Schwammen an de Vëlossport bekëmmert.
De Kommitee gouf 1912 direkt vum Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) unerkannt. Wéi 1925 déi éischt Statuten a Kraaft getruede sinn, ware siwe Verbänn Member am COL.
Op der Generalversammlung vum 14. Dezember 1974 goufen nei Statuten ugeholl an d'Federatioun krut den haitegen Numm Comité olympique et sportif luxembourgeois.
De President vum COSL ass zënter 2012 den André Hoffmann[3].
D'Membere vum COSL sinn déi national Federatiounen, d. h. d'Federatiounen déi en olympeschen oder en net-olympesche Sport vertrieden, grad ewéi ë. a. aner Multisport- oder Schoulsportverbänn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.