US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur, Produzent, Komponist a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Clint Eastwood ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Produzent, Komponist a Politiker. Hie gouf den 31. Mee 1930 als Clinton Eastwood Jr., Jong vun der Francesca Ruth Runner an dem Clinton Eastwood Sr. zu San Francisco, (Kalifornien) an den USA gebuer.
Clint Eastwood | |
---|---|
Gebuertsnumm | Clinton Eastwood |
Gebuer |
31. Mee 1930 San Francisco |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Los Angeles City College, Seattle University, Oakland Technical High School, Piedmont High School |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Gastronom, Komponist, Pilot, Helikopterpilot, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Filmkomponist, Zaldot, Militär, Buergermeeschter, Schauspiller, Regisseur, Schrëftsteller, Aktivist, Sänger, Lidderschreiwer |
Partei | Libertarian Party, Republican Party |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Dina Eastwood, Maggie Johnson |
Liewenspartner(in) | Sondra Locke, Frances Fisher |
Papp | Clint Eastwood Sr. |
Mamm | Margaret Ruth Runner |
Kanner | Kyle Eastwood, Alison Eastwood, Scott Eastwood, Francesca Eastwood, Morgan Eastwood, Kathryn Eastwood, Kimber Lynn Eastwood |
Dem Clint Eastwood seng Famill huet schottesch, iresch, hollännesch an englesch Wuerzelen. Seng Kandheet huet hien an der Bucht vun Oakland verbruecht. Säi Papp war Comptabel (eenzel Quelle soen och Stolaarbechter), deen an der amerikanescher Depressiounszäit an den 30er Jore seng Aarbecht verluer huet. Hien huet sech du mat senger Famill op der Westküst duerchgeschloen an op Bensinnsstatioune geschafft.
De Clint ass an 10 verschidde Schoule gaangen. A senger Jugend huet hien als Bëschaarbechter am Oregon, als Aarbechter an engem Stolwierk, als Schwammmeeschter, op Bensinnsstatiounen an als Magasinier am Ersatzdeellager vu Boeing zu Seattle geschafft.
De Clint Eastwood war zweemol bestuet. Hien huet néng Kanner (fënnef Meedercher a véier Jongen) an dat vu fënnef verschiddene Fraen.
1953 huet hien d'Maggie Johnson bestuet (e Bestietnes dat bis 1978 gehalen huet) an hat mat hir 2 Kanner: (Kyle *1968 an Alison *1972).
1960 huet hien d'Roxanne Tunis kennegeléiert mat där hien eng laangjäreg Affär hat. De 17. Juni 1964 gouf hir Duechter Kimber gebuer.
1978 léisst hie sech vu senger éischter Fra Maggie Johnson scheeden. E lieft 15 Joer laang (vun 1975 bis 1990) mat der Schauspillerin Sondra Locke zesummen.
Schonn 1954 huet de Clint Eastwood säin éischte Filmvertrag bei Universal ënnerschriwwen (fir 75 Dollar d'Woch), mä hien ass laang Zäit net iwwer de Statistestatus erauskomm. Säin éischten Optrëtt huet hien 1955 an "Revenge of the Creature". Mä a ville Filmer muss ee scho ganz genee hikucke wann een en net verpasse wëllt, z. B. als Bomberpilot an Tarantula!. Wärend där Zäit muss hien dacks op dat auswäiche wat en tëscht der Schoul a bei der Arméi geléiert huet: Piscinë botzen an als Schwammmeeschter schaffen.
Seng Filmrolle sinn ëmmer méi kleng ginn a schliisslech war hie frou wéi en 1959 eng Haaptroll an enger Televisiounsserie krut: Deen naiven an onerfuerene Rowdy Yates an der Serie Rawhide, déi duerno zimmlech erfollegräich ginn as. Vun 1958 bis 1965 huet hien den zweete Mann nieft dem Trekker Gil Favour (Eric Fleming) op engem Véidriff gespillt, deen ënnerwee ëmmer erëm opgehale gouf.
An der leschter Staffel huet den Eastwood d'Haaptroll iwwerholl, et sollt awer säin Äddi vun der Tëlevisioun sinn.
De Regisseur Sergio Leone huet en amerikaneschen Acteur fir säi Film Per un pugno di dollari gesicht. Den Henry Fonda an den James Coburn ware fir de Budget vum Film awer ze deier, an dunn huet de Sandalefilmschauspiller Richard Harrison dem Leone de Clint Eastwood virgeschloen.
Dem Leone säi bëlleg produzéierte Western ass an Europa e sensationellen Erfolleg ginn, an huet domat e richtege Boom fir Italo-Western augesléist. De Clint Eastwood, deen d'Haaptroll als wéineg gespréichegen, "coolen" Kappgeldjeeër, gespillt huet an éiweg en Zigarillo am Bak hat (wéi hie selwer an engem Interview gesot huet ass him am Ufank bal schlecht ginn dovun), huet domat de Grondstee fir seng Carrière an och fir säin Image geluecht. 1965 a 1966 huet hien dunn och d'Haaptroll am Leone senge Filmer Per qualche dollaro in più,an Il buono, il brutto, il cattivo gespillt.
1968 goung den Eastwood zeréck op Hollywood, wou hien a verschiddene Filmer weider säin Image als Revolverheld respekiv "grousen Haarde" fleegt wéi z. B. an Hang 'em high (1968) oder Kelly's Heroes (1970).
1971 ass dem Clint Eastwood zu Hollywood deen definitiven Duerchbroch gelongen. Ënner der Regie vum Don Siegel hat hien d'Haaptroll als Harry Callahan am Film "Dirty Harry". A senger Filmroll spillt hien en Inspekter dee mat zimmlech zweiwelhafte Methoden (no beschter Wild-West-Manéier) op Verbriecherjuegd geet. Den "Dirty Harry" gëtt eng Aart Kult-Figur. Am selwechte Joer dréint den Eastwood och säin éischte Film als Regisseur, de Psycho-Thriller Play Misty for Me.
Als Action- a Westernheld zielt den Eastwood bis an d'80er Joren zu de weltwäit populäerste Filmschauspiller. E spillt nach e puermol d'Roll vum Inspecter Harry Callahan an ass an Action-Filmer wéi "Thunderbolt and Lightfoot" (1974) oder "The Gauntlet" (1977) erfollegräich.
Parallel zu senger Carrière als Acteur profiliéiert sech de Clint Eastwood och als Filmregisseur. Hien dréint Filmer, wéi The Outlaw Josey Wales, e Western (1976) oder Bird, d'Biographie vum Jazz-Museker Charlie Parker.
1986 gëtt den Eastwood Buergermeeschter zu Carmel-by-the-Sea. Op der Lëscht vun de Republikaner hat hien 72 % vun de Stëmme kritt. No 2 Joer huet hie seng Demissioun ginn.
1993 spillt en am Thriller In the Line of Fire een FBI-Agent deen an den Alter komm as.
1992 fënnt e mat dem Western "Unforgiven" d'Unerkennung vun Hollywood a kritt als Regisseur a Produzent vum Film säin éischten Oscar. Fir säi Wierk als Produzent gëtt en 1994 mam Irving G. Thalberg Memorial Award ausgezeechent.
1995 ass den Eastwood Regisseur an Haaptduersteller, nieft der Meryll Streep, an der melancholescher Libesgeschicht "The Bridges of Madison County".
Den 29. Februar 1996 kritt e vum American Film Institute (AFI) de Live Achievement Award fir säi Liewenswierk als Schauspiller, Regisseur a Produzent.
Zanter 1993 ass den Eastwood nëmmen nach ënner eegener Regie am Kino ze gesinn. En dréint Thriller wéi "Absolute Power" (1996) oder "Blood Work (2002). 2003 kann hien als Regisseur vum däischteren Drama "Mystic River" bei de Filmkritiker e groussen Erfolleg verbuchen.
2005 ass en de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung a kritt fir säi Boxer-Drama "Million Dollar Baby säin 2. Regie-Oscar.
Commons: Clint Eastwood – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.