Remove ads
Staat vun den USA From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Oregon ass e Staat am Nordweste vun den USA.
Oregon | |||||
| |||||
Spëtznumm: Beaver State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Salem | ||||
Gréisst Stad: | Portland | ||||
Gouverneur: | Tina Kotek | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 9. Plaz 255.026 km² 2,4 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 27. Plaz 4.237.256 (2020)[1] 17,03/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 14. Februar 1859 (33ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-8/-7/-6 |
Oregon läit um Pazifik a grenzt am Norden un de Staat Washington, am Süden u Kalifornien, am Osten un Idaho an am Südosten un Nevada. De Columbia River definiéiert de gréissten Deel vun der nërdlecher Grenz, wärend de Snake River de gréissten Deel vun der ëstlecher Grenz definéiert. Oregon ass ee vun nëmmen dräi US-Staaten, déi eng Küst um Pazifik hunn, an déi Proximitéit huet e staarken Afloss op dem Staat säi Klima. Sou ginn en trotz der héijer Latitude relativ waarm Wanteren.
Vun de 50 US-Staaten steet den Oregon op der 27. Plaz wat d'Bevëlkerung betrëfft. 2015 gouf geschat, datt iwwer 4 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 87,6 % als wäiss Amerikaner, 12,7 % als Hispanic/Latino, 4,4 % als asiatesch, 2,1 % als Afroamerikaner an 1,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 50.521 US-Dollar pro Stot a 27.173 USD op de Kapp[1].
Commons: Oregon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.