italieenesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Claudia Cardinale, gebuer als Claude Joséphine Rose Cardinale de 15. Abrëll 1938 zu Tunis, ass eng italieenesch Schauspillerin.
Claudia Cardinale | |
---|---|
Gebuertsnumm | Claude Joséphine Rose Cardinale |
Gebuer |
15. Abrëll 1938 Tunis |
Nationalitéit | Italien, Frankräich |
Educatioun | Centro Sperimentale di Cinematografia |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Schauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Franco Cristaldi |
Liewenspartner(in) | Pasquale Squitieri, Marcello Mastroianni |
D'Claudia Cardinale huet bis 2014 an iwwer 110 Kinos- an TV-Filmer matgespillt, dorënner Filmer vu sou bedeitende Filmregisseure wéi Luchino Visconti, Federico Fellini, Sergio Leone, Blake Edwards, Mauro Bolognini a Richard Brooks.
No enger Haaptroll niewent dem Marcello Mastroianni am Film Il bell'Antonio (1960) vum Mauro Bolognini huet de Luchino Visconti hir am Familljendrama Rocco e i suoi fratelli eng grouss Roll ginn. A Frankräich hat si dunn am Joer 1962 groussen Erfolleg niewent dem Jean-Paul Belmondo an dem historeschen Abenteuerfilm Cartouche, vum Philippe de Broca. Duerno war si am Federico Fellini sengem Problemfilm 8½, deen engem Filmregisseur seng Ängscht an Obsessioune beliicht, ze gesinn.
De Luchino Visconti huet hir dunn am Film Il Gattopardo (1963) hir schéinst Filmroll ugebueden. Den Alain Delon an d'Claudia sinn an deem historesche Film, deen den Niddergang vun enger italieenescher Adelsfamill erzielt, op engem vun den Héichpunkte vun hirer Carrière ukomm.
Net ze vergiesse sinn awer och zwéi Western, en US-amerikanesche The Professionals (1966) vum Richard Brooks mam Burt Lancaster, Lee Marvin a Robert Ryan an dann de Klassiker a gläichzäiteg wichtegsten Italo-Western C'era una volta il West (1968) vum Sergio Leone mam Henry Fonda, Jason Robards an Charles Bronson.
Eng speziell Plaz an hirer Filmographie huet de Film Fitzcarraldo (1982), vum Werner Herzog, iwwer en Aventurier an Operenamateur (Klaus Kinski) deen am peruanesche Urwald eng Oper wëllt bauen.
Um Enn vun den 1990 Joren un huet si net méi sou vill Filmer gedréint a vun 2000 un huet si ugefaangen zu Paräis Theater ze spille mat Stécker vum Luigi Pirandello an Tennessee Williams.
Commons: Claudia Cardinale – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.