Ugo Tognazzi

italieenesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur From Wikipedia, the free encyclopedia

Ugo Tognazzi

Den Ugo Tognazzi, gebuer als Ottavio Tognazzi den 23. Mäerz 1922 zu Cremona, a gestuerwen de 27. Oktober 1990 zu Roum, war en italieenesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ugo Tognazzi
Thumb
Gebuertsnumm Ottavio Tognazzi
Gebuer 23. Mäerz 1922
Cremona
Gestuerwen 27. Oktober 1990
Roum
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Filmregisseur, Schauspiller, Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler
Famill
Bestuet mat Franca Bettoja, Margarete Robsahm
Kanner Ricky Tognazzi, Thomas Robsahm, Gianmarco Tognazzi, Maria Sole Tognazzi
Zoumaachen

Den Ugo Tognazzi ass de Papp vun de Schauspiller Ricky Tognazzi a Gianmarco Tognazzi souwéi vun de Filmregisseuren Thomas Robsahm a Maria Sole Tognazzi. Vun 1972 bis zu sengem Doud war hie mat der Schauspillerin Franca Bettoia bestuet.

Den Ugo Tognazzi huet an 150 Filmer matgespillt. Hie stoung virun der Kamera bei sou bedeitende Filmregisseure wéi Marco Ferreri (L'ape regina) a (La grande bouffe), Pier Paolo Pasolini (Porcile) a Bernardo Bertolucci (La tragedia di un uomo ridicolo). Och war hien a villen italieenesche Kaméidifilmer vun de Regisseuren Dino Risi, Steno a Mario Monicelli ze gesinn.

Filmographie

Kino

als Regisseur a Schauspiller

  • 1961: Il mantenuto mam Ilaria Occhini a Margrete Robsahm
  • 1967: Il fischio al naso mam Tina Louise
  • 1968: Sissignore mam Maria Grazia Buccella a Franco Fabrizi
  • 1976: Cattivi pensieri mam Edwige Fenech
  • 1979: I viaggiatori della sera mam Ornella Vanoni

als Schauspiller

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1990

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.