Senta Berger

éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin From Wikipedia, the free encyclopedia

Senta Berger

D'Senta Berger, gebuer den 13. Mee 1941 zu Wien, ass eng éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Senta Berger
Thumb
Gebuer 13. Mee 1941
Wien
Nationalitéit Éisträich, Däitschland
Aktivitéit Schauspillerin, Filmproduzentin, Filmschauspillerin, Theaterschauspillerin
Member vun Deutsche Filmakademie
Gielercher Bayerischer Verdienstorden, Verdienstkreuz 1. Klasse, Romy, Bayeresche Fernseepräis, Karl-Valentin-Orden, Bayeresche Fernseepräis
Famill
Bestuet mat Michael Verhoeven
Kanner Simon Verhoeven, Luca Verhoeven
Zoumaachen
Thumb
Senta Berger, 1975

Mat 5 Joer huet d'Senta Berger Ballet geléiert a wollt spéider Schauspillerin ginn. Si war duerno um Max-Reinhardt-Seminar.

1958 gouf si Member vum Theater in der Josefstadt.

De Film huet si awer méi ugezunn wéi den Theater, a vun 1959 un huet si ee Film nom anere gedréint.

1962 huet se mam Filmregisseur Michael Verhoeven d'Produktiounsfirma Sentana-Filmproduktion gegrënnt an 1963 huet si sech mat him bestuet.

D'Senta Berger huet eng international Filmcarrière, si huet a Filmer zu Hollywood, an Italien, Frankräich, Däitschland an Éisträich gespillt, mat Regisseure wéi Bernhard Wicki, Sam Peckinpah, Volker Schlöndorff a Wim Wenders. Si war d'Partnerin vu Schauspiller wéi Kirk Douglas, Charlton Heston, James Coburn, Lilli Palmer a Götz George.

1989 hat si e groussen Erfolleg mat der Serie Kir Royal op der däitscher Televisioun. Duerno huet sech hir Carrière bal nëmme méi op der Tëlee ofgespillt.

Zanter 2003 ass si Presidentin vun der däitscher Filmakademie

Filmographie

Kino

vun 1957 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 2010

vun 2011 bis 2020

  • Zettl (2012) vum Helmut Dietl mam Michael Herbig an der Karoline Herfurth
  • Ruhm (2012) vun der Isabel Kleefeld mam Heino Ferch an der Julia Koschitz
  • Altersglühen - Speed Dating für Senioren (2014) vum Jan Georg Schütte mam Mario Adorf a Matthias Habich
  • Willkommen bei den Hartmanns (2016) vum Simon Verhoeven mam Heiner Lauterbach an Uwe Ochsenknecht

Televisioun

vun 1963 bis 1969

  • The Waltz King: Part 1 (1963) vum Steve Previn mam Kerwin Mathews a Brian Aherne
  • The Waltz King: Part 2 (1963) vum Steve Previn mam Kerwin Mathews a Peter Kraus
  • See How They Run (1964)
  • Istanbul Express (1968)
  • Babeck (1968) (Serie) vum Wolfgang Becker mam Cordula Trantow an Helmut Käutner
    • Ein Sarg aus Genua (1968)
    • Das Geheimnis der Calasetta (1968)
    • Tödliche Geschäfte (1968)

vun 1970 bis 1979

  • Frühlingsfluten (1974)
  • Krempoli - Ein Platz für wilde Kinder (1975) (Serie)
  • Die Verschwörung des Fiesco zu Genua (1975)
  • Halbzwei (1977)
  • Die Priwalov'schen Millionen (1980) (Serie)
  • La giacca verde (1979)

vun 1980 bis 1989

  • Der Traum ein Leben (1981)
  • Notte e nebbia (1982)
  • Die Entscheidung (1982)
  • Milionite na Privalov (1983) (Serie)
  • Liebe Melanie (1983)
  • Notti e nebbie (1984)
  • Kir Royal (1986) (Serie) vum Helmut Dietl mam Franz-Xaver Kroetz, Ruth-Maria Kubitschek a Mario Adorf
    • Wer reinkommt, ist drin (1986)
    • Muttertag (1986)
    • Das Volk sieht nichts (1986)
    • Adieu Claire (1986)
    • Königliche Hoheit (1986)
    • Karriere (1986)
  • L ultima mazurka (1986)
  • Luisa. Quattro storie di donne (1987)
  • Die schnelle Gerdi (1989) (Serie - 12 Episoden)
  • Oceano (1989) (Serie)

vun 1990 bis 1999

  • Lilli Lottofee (1992) (Serie)
  • Sie und Er (1992)
  • Ärzte Serie
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Neuland (1994)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Rosenkavaliere (1994)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Nahkampf (1994)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Höhenflug (1994)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Trennungen (1996)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Herztöne (1996)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Schicksale (1996)
    • Dr. Schwarz und Dr. Martin - Entscheidungen (1996)
  • Gefangene Liebe (1994)
  • Die Nacht der Nächte (1995)
  • Dopo la tempesta (1996)
  • Kap der Rache (1997)
  • Lamorte (1997)
  • Mammamia (1998)
  • Liebe und weitere Katastrophen (1999)
  • Nancherrow (1999)
  • Mit fünfzig küssen Männer anders (1999)

vun 2000 bis 2010

  • Zimmer mit Frühstück (2000/I)
  • Trennungsfieber (2000)
  • Scharf aufs Leben (2000)
  • Probieren Sie's mit einem Jüngeren (2000)
  • Bis dass dein Tod uns scheidet (2002)
  • Unter Verdacht Serie
    • Verdecktes Spiel (2002)
    • Eine Landpartie (2003)
    • Gipfelstürmer (2004)
    • Beste Freunde (2004)
    • Das Karussell (2005)
    • Willkommen im Club (2005)
    • Atemlos (2006)
    • Ein neues Leben (2006)
    • Hase und Igel (2007)
    • Das Geld anderer Leute (2007)
    • Brubeck (2008)
    • Die falsche Frau (2008)
    • Der schmale Grat (2009)
    • Tausend Augen (2009)
    • Laufen und Schießen (2010)
  • Die schnelle Gerdi und die Hauptstadt (2003) (Serie)

Um Spaweck

Commons: Senta Berger – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.