Jean Dujardin
franséische Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jean Dujardin, gebuer den 19. Juni 1972 zu Rueil-Malmaison, Hauts-de-Seine, ass e franséische Schauspiller a Komiker.
Remove ads

Den Dujardin huet am Ufank als Schlässer geschafft. Duerno huet en ugefaangen, als Komiker a Cabareten, Bistroen an Theateren opzetrieden. Hie gouf Member vum Ensembel Nous C nous, mat deem en 1997 an 1998 an der Kategorie „Komiker“ beim Concours Graines de stars gewonnen huet. Bekannt gouf en duerch seng Roll, zesumme mat senger Fra Alexandra Lamy, an der franséischer Adaptatioun vun der kanadescher Sitcom Un gars, une fille, déi tëscht 1999 an 2003 an 312 Episoden ze gesi war.
Duerno hat en e puer Niewerollen a Filmer, a koum da mat Brice de Nice grouss eraus (iwwer 4 Millioune Spectateuren). Spéider hat en ë. a. d'Haaptroll an 99 francs an an den Agentefilm-Parodieën OSS 117: Le Caire, nid d'espions, (2007) an OSS 117: Rio ne répond plus, alle béid vum Michel Hazanavicius.
International Unerkennung krut e fir seng Haaptroll an The Artist (2011), och vum Hazanavicius. Fir seng Roll als George Valentine krut hien 2011 de Präis als de beschte männleche Schauspiller op den Internationale Filmfestspiller vu Cannes, an 2012 dofir ë. a. de Golden Globe Award, de Screen Actors Guild Award, de British Academy Film Award an den Oscar.
Remove ads
Filmographie (Auswiel)
- 1999-2003: Un gars, une fille
- 2003: Bienvenue chez les Rozes
- 2004: Les Dalton
- 2005: Torture d'amour
- 2005: Brice de Nice
- 2006: OSS 117: Le Caire, nid d'espions
- 2007: 99 francs
- 2007: Hellphone
- 2007: Contre-enquête
- 2008: Ca$h
- 2008: Un homme et son chien
- 2009: Lucky Luke
- 2009: OSS 117: Rio ne répond plus
- 2010: Le bruit des glaçons
- 2010: Les petits mouchoirs
- 2011: The Artist
- 2012: Les infidèles
- 2013: Möbius
- 2013: The Wolf of Wall Street
- 2013: 9 mois ferme
- 2014: The Monuments Men
- 2014]: La French vum Cédric Jimenez
- 2015: Un plus une vum Claude Lelouch
- 2016: Un homme à la hauteur vum Laurent Tirard
- 2016: Brice 3 vum James Huth
- 2017: Chacun sa vie vum Claude Lelouch
- 2018: Le Retour du héros vum Laurent Tirard
- 2018: I Feel Good vum Gustave Kervern a Benoît Delépine
- 2019: Nous finirons ensemble vum Guillaume Canet
- 2019: Le Daim vum Quentin Dupieux
- 2019: J'accuse vum Roman Polanski (als Marie-Georges Picquart)
Remove ads
Um Spaweck
Commons: Jean Dujardin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads