Den Adam Frans van der Meulen, op Franséisch Adam-François Van der Meulen oder och nach Antoine François van der Meulen, gebuer den 11. Januar 1632 zu Bréissel, a gestuerwen de 15. Oktober 1690 zu Paräis, war e flämesche Moler. Hien huet virun allem Schluechten, Landschaften an Alldagzeene gemoolt.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Adam Frans van der Meulen
Thumb
Gebuer 11. Januar 1632
Bréissel
Gestuerwen 15. Oktober 1690
Paräis
Nationalitéit Habsburgesch Nidderlanden, Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Moler, Editeur, visuelle Kënschtler
Zoumaachen
Thumb
Investissement de Luxembourg. D'Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg (1684) duerch d'Arméi vum Louis XIV. op engem Tableau vum van der Meulen.

Säi Liewen

De van der Meulen ass mat 16 Joer zu Bréissel an d'Léier beim Pieter Snayers gaangen, bei deem hien d'Mole vu Schluechtzeene geléiert huet.

1662 koum hien op Paräis bei de Charles Le Brun, dee Moler um Haff vum Louis XIV. an Direkter vun der Manufacture des Gobelins war. Zu Paräis huet de van der Meulen sech am Mole vu Schluecht- a Juegdzeene spezialiséiert.

1665 gëtt hien an d'Equipe vun de Moler opgeholl, déi domat chargéiert waren, de franséische Kinnek op Biller z'immortaliséieren. Als Haffmoler huet hien de Louis XIV. op all senge Reesen an all senge Kricher begleet an huet d'Ereegnesser a senger Molerei festgehalen.

De van der Meulen huet och Portraiten, Biller vu franséische Schlässer, vu feierleche Cortègen a vu Juegdzeene gemoolt. Hien huet och Zeene fir Wandteppecher entworf.

De van der Meulen hat e gutt organiséierten Atelier, an deem hie vun enger Rëtsch Schüler assistéiert gouf.

Relatioun mat Lëtzebuerg

De van der Meulen huet zwee Tableaue vun der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch dem Louis XIV. seng Arméi am Joer 1684 (Investissement de Luxembourg) gemoolt (haut an de Kollektioune vum Musée du Louvre an dem Schlass vu Versailles).

D'Villa Vauban, de Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg huet a senge Kollektiounen zwee Wierker vum van der Meulen[1]:

  • e Plang vun der Stad Lëtzebuerg an
  • e Portrait vum éisträicheschen Äerzherzog Don Juan d'Austria.

Zu Dummeldeng krut 1952 eng Strooss dem van der Meulen säin Numm (rue Antoine-François van der Meulen)[2].

Literatur

  • Beck, F., 2009. Was bedeuten die Straßennamen der Stad? Van der Meulen (rue Antoine François). Ons stad 91, S. 72. PDF

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Adam Frans van der Meulen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Tableaue vum van der Meulen op der Websäit vum Château de Marly, inklusiv déi zwéi Biller vun der Belagerung vu Lëtzebuerg

Referenzen an Notten

  1. Fanny Beck, ons stad 91 (2009) S. 72.
  2. Decisioun vum 25. November 1952 vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg. D'Strooss verbënnt d'rue Cyprien-Merjai zu Beggen mat der route d'Echternach am Ausgang vun Dummeldeng. Cf. Fanny Beck, ons stad 91 (2009) S. 72.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.