franséische Kinnek From Wikipedia, the free encyclopedia
De Louis XIV. de Sonnekinnek, gebuer de 5. September 1638 zu Saint-Germain-en-Laye, a gestuerwen den 1. September 1715 zu Versailles, war zanter 1643 Kinnek vu Frankräich an Navarra.
Louis XIV. vu Frankräich | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek vu Frankräich an Navarra | |
Zäit | Vu 1643 bis 1715 |
Biographie | |
Gebuer |
5. September 1638 Schlass vu Saint-Germain-en-Laye |
Gestuerwen |
1. September 1715 Schlass vu Versailles |
Bestuet mat |
Maria Theresia vun Éisträich, Madame de Maintenon |
Liewenspartner | Louise de La Vallière, Madame de Montespan, Claude de Vin des Œillets, Olympia Mancini |
Papp | Louis XIII. vu Frankräich |
Mamm | Anna vun Éisträich |
Geschwëster | Philippe vun Orléans |
Kanner | Louis vu Frankräich, Marie-Thérèse, Philippe-Charles, Anne-Élisabeth, Marie-Anne, Louis François, Françoise-Marie vu Bourbon, Louise Françoise, Louis-Auguste, Louis vu Bourbon, Louis César, Louise Marie Anne, Marie Anne, Louise, Charles Louis, Louis-Alexandre |
Mat enger Regentschaft vun 72 Joer war hien deen Herrscher aus der Neizäit deen am längsten um Troun souz. De Louis XIV. gëllt als klassesche Vertrieder vum Absolutismus. Hien huet d'Muecht vun der Kroun duerch en Ausbau vun der Administratioun, d'Bekämpfung vun der Oppositioun am Land an d'Fërderung vun der franséischer Wirtschaft gefestegt. D'Kultur vum Haff gouf ganz un d'Persoun vum Herrscher ugepasst. Säi pompéisen Optrëtt gouf zum Symbol fir seng Plaz. De Sonnekinnek huet sech och fir d'Konscht a fir d'Wëssenschaft intresséiert, an d'franséisch Kultur ass opgebléit. D'Aussepolitik vum Louis XIV. war aggressiv, a Frankräich konnt ënner dem Sonnekinnek seng Hegemonie iwwer Europa ausbauen.
D'Gebuert vum Louis XIV. zu Saint-Germain-en-Laye war fir vill Leit e glécklecht Evenement, well 23 Joer laang war d'Bestietnes vu sengen Elteren Louis XIII. an Anna vun Éisträich ouni Nokomme bliwwen. Duerch seng Gebuert gouf de Jean-Baptiste Gaston vun Orléans vun der Trounfolleg ausgeschloss. Aus Dankbarkeet krut de Kinnek dee frësch op d'Welt komm war de Bäinumm Dieudonné. Säi Brudder, de Philippe vun Orléans koum 1640 op d'Welt.
Am Alter vu 4 Joer koum de Louis de 14. Mee 1643 nom Doud vu sengem Papp op den Troun. Bis zu senger Groussjäregkeet (am deemolege Frankräich mat 13 Joer) 1651 huet seng Mamm d'Regence iwwerholl. D'tatsächlech Muecht hat awer de Minister a Kardinol Mazarin. De Mazarin huet de Louis op seng Roll als absolutisteschen Herrscher virbereet; de jonke Kinnek gouf lues a lues un der Muecht bedeelegt an huet sech schliisslech d'Verantwortung mam Mazarin gedeelt. Duerch d'aussepolitesch Succèse vum Richelieu a Mazarin politesch gestäerkt, huet de Louis d'absolutistescht Kinnegtum mat barockem Afloss a Frankräich weider ausgebaut, an dat mat engem Liewen um Haff wat ganz op d'Persoun vum Herrscher zougeschnidde war. Nom Fridde vu Westfalen um Enn vum Drëssegjärege Krich 1648 an dem Traité vun de Pyrenäe mat Spuenien 1659 war Frankräich déi politesch a militäresch Virmuecht an Europa.
Ënnerstëtzt vu Ministere wéi dem Colbert, Louvois, Hugues de Lionne, Vauban a Pomponne huet hien de staatleche Muechtapparat konzentréiert, an d'militäresch, institutionell a materiell Grondlage vun der Muecht vun der franséischer Monarchie erweidert. D'Verfollgung vun den Hugenotten, säi Sträit mam Poopst an de Spueneschen Ierffollegkrich hu sech negativ op seng Herrschaft ausgewierkt. De Spueneschen Ierffollegkrich huet duerch d'Häert vun de Kämpf 1713 bal zu engem Staatsbankrott gefouert, deen nëmmen duerch eng Finanzreform a massiivt Spuere konnt verhënnert ginn.
De Louis huet säi Jong a säin eelsten Enkel iwwerlieft, an ass den 1. September 1715 um véierel op aacht moies gestuerwen. Säin Urenkel koum mat nëmme 5 Joer ënner dem Titel Louis XV. op den Troun.
Begruewe gouf de Louis XIV. an der Krypta vun de Bourbonen an der Basilika Saint-Denis.
1793 gouf säi Kierper mat dem vun den anere Kinneke "profanéiert" an an e Gruef gehäit. D'abalsaméiert Häerz gouf an d'Jesuittekierch vun der Rue St. Antoine zu Paräis bruecht, an nieft d'Häerz vu sengem Papp gestallt. Wärend der Restauratioun sinn all d'Häerzer vum Kinnekshaus op Saint Denis an d'Krypta bruecht ginn.
De Louis XIV. gëtt als grousse Fërderer vun der Konscht ugesinn. Besonnesch fir d'Literatur, fir d'Architektur a fir an d'Musek ass d'17. Joerhonnert eng wichteg Zäit fir Frankräich a gëtt dofir dacks als Grand Siècle (Grousst Joerhonnert) ugesinn. Bekannt Perséinlechkeeten aus där Zäit sinn de Molière, de Racine, de Corneille, de Boilleau, de Mansart, de Le Vau, de Lully an de Couperin.
Ënner dem Louis XIV. gëtt d'Schlass vun Versailles och massiv ausgebaut, an gëtt ee vun de gréisste Paläst an Europa.
D'Arméi vum Louis XIV. huet d'Stad Lëtzebuerg den 3. Juni 1684 eruewert. De Vauban huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Bis dohinner war Lëtzebuerg ënnert Spuenescher Herrschaft.
De Louis XIV. huet vum 21. bis de 26. Mee 1687 Lëtzebuerg besicht, ënner anerem begleet vun senger Fra Madame de Maintenon, dem Louvois, dem Racine an dem Père Lachaise.
Duerno ass Lëtzebuerg bis zum Traité vu Rijswijk 1697 franséisch bliwwen.
Mat der Maria Theresia vun Éisträich:
Mat der Louise de La Vallière:
Mat der Madame de Montespan:
Mat der Marie-Angélique de Scoraille:
┌──> Antoine de Bourbon (1518–1562) │ Herzog vu Bourbon, Vendôme a Beaumont │ ┌──> Henri IV. (1553–1610) │ Kinnek vun Navarra a Frankräich │ │ │ └──> Jeanne d'Albret (1529–1572), Jeanne III. │ Kinnigin vun Navarra │ ┌──> Louis XIII. (1601–1643), le Juste │ Kinnek vu Frankräich an Navarra │ │ │ │ ┌──> Francesco I. (1541–1587), │ │ │ Groussherzog vun der Toskana │ │ │ │ └──> Maria vu Medici (1575–1642) │ Regentin vu Frankräich │ │ │ └──> Jeanne (1546–1578) │ Äerzherzogin Éisträich, Prinzessin vun Ungarn a Béimen │ Louis XIV. (1638–1715), le Roi Soleil Kinnek vu Frankräich an Navarra │ │ ┌──> Felipe II. (1527–1598), │ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich │ │ │ ┌──> Felipe III. (1578–1621) │ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich │ │ │ │ │ └──> Anna (1549–1580), │ │ Äerzherzogin vun Éisträich │ │ └──> Anne (1601–1666), Regentin vu Frankräich, Infantin vu Spuenien a Portugal, Äerzherzogin vun Éisträich │ │ ┌──> Karl II. (1540–1590) │ │ Äerzherzog vun Éisträich, Herzog vun der Steiermark, Prënz vun Ungarn a Béimen │ │ └──> Margarete (1584–1611), Äerzherzogin vun Éisträich │ └──> Maria vu Bayern (1551–1608)
...
Fir un de Sonnekinnek Louis XIV. z'erënneren, gouf zu Märel an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Louis XIV ass eng parallel Strooss tëscht der Avenue du X septembre an der Rue Charles-Quint.
Commons: Louis XIV. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Louis XIII. | Kinnek vu Frankräich 1643 - 1715 | Nofollger: Louis XV. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.