From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Georg-August-Universitéit zu Göttingen gouf 1732/1734 vum Georg II. gegrënnt an offiziell am Joer 1737 opgemaach. D'Universitéit hat sech séier entwéckelt an huet déi Zäit mat ronn 1.000 Studente zu de gréissten an Europa gehéiert. Si ass déi eelst Universitéit a Niddersachsen déi nach existéiert, a mat ronn 25.377 Studenten och déi gréisst (Stand 2012 inklusiv Medezin).
Georg-August-Universität Göttingen | |
---|---|
() | |
Typ | staatlech Universitéit, Association sans but lucratif |
Land | Däitschland |
Schülerzuel | 31.619 |
Oktober 2018 | |
Gegrënnt | 1734 |
Koordinaten | 51°32'2,3274"N, 9°56'16,5120"O |
Um Spaweck | https://www.uni-goettingen.de/en/1.html |
Zanter dem 1. Januar 2003 ass d'Universitéit, als eng vun den éischten an der Bundesrepublik Däitschland, an der Dréierschaft vun enger ëffentlech-rechtlecher Stëftung; si ass zanterhier eng Stëftungsuniversitéit. Presidentin vun der Universitéit ass zanter 2011 d'Biochemikerin Ulrike Beisiegel. Zanter dem 19. Oktober 2007 gëtt am Kader vun der Exzellenzinitiative d'Zukunftskonzept vun der Georgia Augusta gefërdert. No den World University Rankings 2010/2011 vun der Times Higher Education ass d'Georg-August-Universitéit weltwäit op Plaz 43 an domat déi bescht däitsch Universitéit.
D'Niedersächsische Staats- und Universitätsbibliothek Göttingen ass mat ronn 4,5 Millioune Bänn eng vun de gréisste Bibliotheke an Däitschland.
Zentraalt Organ fir d'Entwécklung vun der Wëssenschaftsplaz Göttingen ass den 2006 ageriichte Göttingen Research Council (GRC). Zu deem gehéieren ënner dem President Kurt von Figura Vertrieder vun den Institutiounen [1]:
chronologesch
Commons: Universitéit Göttingen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.