Sojus MS-01
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Sojus MS-01 ass d'Missiounsbezeechnung fir e Fluch vum russesche Raumschëff Sojus op d'International Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programm dréit de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-47S. Et ass de 47. Fluch vun engem Sojus-Raumschëff op d'ISS an den 153. am Sojusprogramm.
| Sojus MS-01 | |
|---|---|
| Raumschëff | Sojus 7K-MS Seriennummer 731 |
| Mass | ? |
| Drorakéit | Sojus FG |
| Crew | 3 |
| Start | 7. Juli 2016, 01:36, 20:20 UTC |
| Startplaz | Baikonur LC-1 |
| Statioun | ISS |
| Station Undockmodul | Rasswet |
| Ukopplung | 9. Juli 2016, 04:06 UTC |
| Ofkopplung | 30. Oktober 2016, 04:06 UTC |
| Statiounsdauer | 112d 20h 29min |
| Landung | 30. Oktober 2016 03:59 UTC |
| Landeplaz | 148 km SO vun Scheskasgan, Kasachstan |
| Dauer | 115d 02h 22min |
| Orbit | 1811 |
| Bunnschréi | 51,65° |
| Apogeum - Perigeum | 247 - 199 |
Remove ads
Crew
Haaptcrew
Ersatzcrew
- Oleg Wiktorowitsch Nowizki (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Thomas Pesquet (1. Raumfluch), Bordingenieur (Frankräich/ESA)
- Peggy Annette Whitson (3. Raumfluch), Bordingenieurin (USA/NASA)
Remove ads
Missiounsbeschreiwung
D'Missioun bréngt dräi Crewmembere vun der ISS-Expeditioun 48 a 49 op d'International Raumstatioun.
Dat weiderentwéckelt Sojus-MS-Raumschëff koum fir d'éischt an den Asaz. Et ënnerscheet sech vun der fréierer Versioun ënner anerem duerch dat neit Kopplungssystem Kurs-NA.[1] Fir dat neit System ze testen, dauert de Rendez-vous mat der ISS zwéin Deeg, amplaz vu fréier sechs Stonnen. Dat gouf och bei de Missiounen duerno widerholl.
D'Undocke war den 30. Oktober 2016 um 0:35 UTC, domat gouf op der Statioun d'ISS-Expeditioun 50 mam Shane Kimbrough als Kommandant ugefaangen. D'Landung war de selwechten Dag um 3:59 UTC 148 km südëstlech vun Scheskasgan an der kasachescher Stepp.
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht vun de bemannte Raumfaartmissiounen
- Lëscht vun de Sojus-Missiounen
Um Spaweck
| Commons: Sojus MS – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- FliegerRevue Abrëll 2014, S. 9, Modern Sojus a Progress-Kapselen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads




