D'Sahle-Work Zewde (Amharesch: ሳህለወርቅ ዘውዴ), gebuer den 21. Februar 1950 zu Addis Abeba, deemools am Keeserräich Abessinien, haut an Ethiopien, ass eng ethiopesch Politikerin an Diplomatin. Si ass zanter dem 25. Oktober 2018 Presidentin vun der Demokratescher Bundesrepublik Ethiopien.
Sahle-Work Zewde | |
---|---|
Gebuer |
21. Februar 1950 Addis Abeba |
Nationalitéit | Ethiopien |
Educatioun | Universitéit vu Montpellier |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
Partei | Onofhängeg |
D'Sahle-Work huet op der Universitéit Montpellier Naturwëssenschafte studéiert an dono am diplomateschen Déngscht vun Ethiopie geschafft. Si war Ambassadrice ë. a. a Frankräich, am Dschibuti an am Senegal, an och Permanent Representantin vun Ethiopien bei der UNESCO, der Afrikanescher Unioun an IGAD. 2011 gouf se vum Ban Ki-moon als Directrice vum Büro vun de Vereenten Natiounen zu Nairobi (UNON) ernannt.[1]
Si gouf de 25. Oktober 2018 vum ethiopesche Parlament eestëmmeg als éischt Fra als Bundespresidentin gewielt.[2]
D'Sahle-Work huet zwéi Jongen.
Commons: Sahle-Work Zewde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- "Äthiopien hat erstmals eine Präsidentin." dw.com, 2018-10-25
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.