From Wikipedia, the free encyclopedia
Naturwëssenschafte befaasse sech mat der onbeliefter a beliefter Natur, versichen déi ze beschreiwen an z'erklären. Déi traditionell Gebidder vun den Naturwëssenschaften – Physik Chimie Biologie – beaflossen och haut nach nohalteg d'Bild vun den Naturwëssenschaften. Hautdesdaags gëtt de Begrëff Naturwëssenschafte méi wäit gefaasst.
Dësen Naturwëssenschaftsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Naturwëssenschafte stinn no der traditioneller Opfaassung de Geeschteswëssenschaften an de Sozialwëssenschaften géintiwwer. Allerdéngs ass déi Zweedeelung vun de Wëssenschaften an zwou Kategorien haut net méi aktuell: als prominent Beispiller fir Wëssenschaften, déi weeder als Natur- nach als Geeschteswëssenschaft anzeuerdne sinn, gëllen d'Mathematik nieft der Informatik, déi zu de Strukturwëssenschafte gehéieren.
Commons: Naturwëssenschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.