Grënner vum Scoutismus From Wikipedia, the free encyclopedia
De Robert Stephenson Smyth Baden-Powell, gebuer den 22. Februar 1857 zu London a gestuerwen den 8. Januar 1941 zu Nyeri, Kenia, war de Grënner vum Scoutissem.
Robert Baden-Powell | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Stephenson Smyth Bade Power lods of giwel |
Pseudonym | B.-P. |
Gebuer |
22. Februar 1857 Paddington |
Gestuerwen | 8. Januar 1941 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Charterhouse School |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Politiker, Sculpteur, Offizéier |
Famill | |
Bestuet mat | Olave Baden-Powell |
Mamm | Henrietta Grace Smyth |
Geschwëster | Agnes Baden-Powell, Warington Baden-Powell, Baden Baden-Powell, George Baden-Powell, Frank Baden-Powell |
Kanner | Peter Baden-Powell |
Fir seng Verdéngschter an der Arméi an doriwwer eraus krut hien, nieft senger Ernennung als Barong 1929, vill brittesch an international Auszeechnungen, dorënner den Order of Merit (OM), Order of St. Michael and St. George (GCMG), Royal Victorian Order (GCVO) an den Order of the Bath (KCB).
De Robert Stephenson Smyth gouf als siwente vun aacht Jongen ënner zéng Kanner gebuer. Säi Papp hat ausserdeem nach véier Kanner aus engem éischte Bestietnes. Hie gouf praktesch nëmme vu senger Mamm opgezunn, well säi Papp, dee Professer fir Theologie a Geometrie op der Universitéit Oxford war, gestuerwen ass wéi hien dräi Joer hat. Säin aussergewéinleche Virnumm setzt sech zesummen aus Deeler vun Nimm vu senge Virfahren: Robert Stephenson, Jong vum George Stephenson an och Eisebunnspionnéier, an John Smyth, e Kapitän, deen am Déngscht vun der Kinnigin Elisabeth I. vun England stoung. Spéider, bei de Scouten, gouf hie Bi-Pi genannt.
De Grousspapp huet dem jonke Robert d'Loscht um Abenteuer an d'Freed an der Natur bäibruecht. Si sinn dacks zesummen an den Hyde Park gaangen, wou de Robert aussergewéinlech prezis Landkaarte gezeechent huet. Wéi säi Grousspapp gestuerwe war ass de Baden-Powell dacks duerch d'Aarmevéierel vu London gezunn an huet doduerch de Misär an d'Leed kenne geléiert. Schonn deemools war hien iwwerzeegt eppes dorun änneren ze missen. Den deemools aachtjärege Bouf huet gemierkt datt een d'Awunner vun aarme Quartieren un der aarmséileger Kleedung konnt erkennen. Hien huet sech iwwerluecht datt een déi Aarm net vun deene Räiche kéint ënnerscheede wa se all d'selwecht gekleet wieren. Dat war ee vun de Facteure firwat hie méi spéit bei de Scouten eng Uniform agefouert huet. Wärend senger Schoulzäit huet de Baden-Powell all fräi Minutt profitéiert fir de Bësch an d'Spuere vun den Déiere kennen ze léieren. An der Vakanz goung hien dacks mat senge Frënn campéieren oder en ass mat senge Bridder en Tour maache gaangen. Hien huet mat hinnen Erfarunge gesammelt déi duerno a sengem Liewen eng grouss Roll spille sollten.
Mat 13 Joer koum hien an d'Charterhouse School wou hien nei Aktivitéitsfelder entdeckt huet. Am grousse Schoulpark huet hie geléiert sech erunzeschläichen ouni datt de Surveillant et gemierkt huet an hie konnt Feier maache wat net gedämpt huet. De B.P. war en duerchschnëttleche Schüler dee sech net all ze vill fir d'Schoul intresséiert huet. Hien ass gutt matkomm, huet awer néierens besonnesch ervirgestach, ofgesi vun zwee Gebidder: Hie war en ausgezeechente Schauspiller an am Foussball e souveräne Golkipp. Et ass opgefall datt hie grad sou gutt mat der rietser wéi mat der lénkser Hand zeechnen a schreiwe konnt.
No der Schoul sollt hien op d'Uni goen, huet awer den Opnamexame fir d'Universitéit Oxford net gepackt. Hien huet sech du bei der Militärakademie Sandhurst gemellt. Den Opnamexame fir d'Kavallerie huet en als zweetbeschten an dee fir d'Infanterie als véiertbeschte bestanen.
1876 gouf en an Indien versat, wou hien a senger Fräizäit meeschtens am Dschungel war a wëll Déieren observéiert huet. An der Garnisoun huet hien Theateropféierungen organiséiert an en huet éischt Erfarunge mat Jugendgruppe gesammelt. Hien huet och scho fréi d'Feeler vun der brittescher Kolonialherrschaft erkannt, déi d'Inder wéi „ënnerentwéckelt Britten“ behandelt huet an net wéi Mënsche mat enger anerer, awer grousser, Kultur. Nodeem hie privat Hindi geléiert hat ass en och do duerch d'Aarmequartiere gaangen. Hien huet do säi System vun de klenge Gruppen entwéckelt: Hien huet d'Zaldoten a Patrulle vu 5 bis 8 Mann opgedeelt. Déi hunn ënner sech e Patrullechef gewielt. Doduerch huet en d'Responsabilitéitsgefill an d'eegestännegt Denke vun den Zaldote motivéiert.
1880 gouf hien ugestallt fir d'Schluechtfeld vu Maiwand, wou d'Britten am Krich géint d'Afghane geschloe goufen, ze kartographéieren. Op där grujeleger Plaz, tëscht Kadavere vu Mënschen a Päerd, huet hie fir d'éischt um Sënn vum Krich gezweiwelt. Wéinst senge Kompetenzen am Spuereliese gouf hien ugestallt Spuerelieser (en: Scouts) auszebilden.
Wéinst der explosiver Situatioun a Südafrika gouf hie mat sengem Regiment, den 13. Husaren, dohi versat. Duerch säi Buch „Reconnaissance and Scouting“, dat hie schonn 1884 an Indie geschriwwen hat, war hien do scho berüümt. Seng éischt Missioun war, fir, als Reporter verkleet, d'Drakensbierger auszespionéieren.
Hien huet d'Zuluen an d'Buren an hire Siidlunge besicht an hie koum mat prezise Kaarten a mat der Hoffnung op eng friddlech Léisung zeréck. 1885, nodeem d'Situatioun sech berouegt hat, gouf de Baden-Powell mat sengem Regiment zeréck an England versat. Mä geschwë koumen erëm schlecht Nouvellen aus Südafrika. Den Zulukinnek Dinizulu huet ëmmer méi Leit ëm sech gesammelt a mat ongeféier 16.000 Zuluen en Zweefrontekrich géint d'Britten an d'Buren ugefaangen. Goldgriewer a Sklavenhändler hunn d'Situatioun ausgenotzt an d'Regioun ass ëmmer méi onroueg ginn. Et soll awer och ernimmt ginn datt 2.000 Zuluen, déi de Schott John Dunn zu hirem Häuptling gewielt haten, op der englescher Säit gekämpft hunn.
Well hie sou gutt kënneg war, a vläicht och well säi Monni Chef vum État-major war, gouf de Baden-Powell erëm an Afrika geschéckt. Nodeem hien do Schreckleches erlieft hat, huet hie mat Erfolleg eng 1. Hëllef-Ausbildung fir d'Zaldote gefuerdert. Et ass him gelongen den Dinizulu a senger Stopp opzedreiwen a gefaangen ze huelen. De B.P. gouf doropshi fréizäiteg zum Majouer ernannt. Duerno war en ee Joer op Malta an zwee Joer als Geheimagent um Balkan, wou hien Zeechnunge vu Befestegungsanlage gemaach huet. Op säi perséinleche Wonsch hi gouf hien dunn erëm an England zeréckversat.
1895 war hien, wéinst dem Krich mat dem Vollek vun den Ashanti erëm an Afrika. Hie war dobäi wéi dee leschte souveräne Kinnek vun den Ashanti de Prempeh I, deen deemools eréischt fofzéng Joer hat, gefaange geholl gouf.
Knapps war de Baden-Powell nees an England, do huet e schonn erëm missen an Afrika. Am Matabele-Land, nërdlech vu Transvaal, war eng Revolt ausgebrach an d'Britten, déi do gelieft hunn, entweeder doutgeschloe goufen, oder si waren an d'Provënzhaaptstad Bulawayo geflücht. Mä och do ware si net sécher well ongeféier 10.000 Matabele-Kämpfer sech an de Bierger ronderëm verschanzt haten an d'Stad wollten ugräifen. De Baden-Powell war géint eng militäresch Léisung, wat e Massaker bedeit hätt, an huet den Haaptmann vun der Revolt, e Medezinmann deen Uwini geheescht huet, gefaange geholl. Deen huet gegleeft, hie wier onstierflech an e misst déi Wäiss all doutmaachen. Do krut de Baden-Powell vun de Matabele säi Spëtznumm "Impesa" (de Wollef deen ni schléift). Well déi Einheimesch un dem Uwini seng Onstierflechkeet gegleeft hunn, hu se viru gekämpft. Eréischt wéi de Baden-Powell den Urwini doutmaache gelooss huet gouf et roueg. Déi Decisioun war, no der Ausso vum B.P., "eng vun de schwéierste vu sengem Liewen".
De 14. Juni 1899 war de Baden-Powell schonn erëm an Afrika: Den Zweete Burekrich war ausgebrach. Et ass him gelongen d'Stad Mafeking 217 Deeg laang mat nëmme 700 Zaldote géint 9.000 Buren ze halen. Dobäi huet hien d'Bouwe vu Mafeking als Buet an als Spioun agesat. An England gouf hien als Krichsheld gefeiert, obschonn hie sech géint déi Éier gewiert huet.
Duerch d'Grënnung vun der South African Constabulary (SAC), enger brittesch-burescher Policetrupp, huet hie vill zum Friddensprozess a Südafrika bäigedroen. Als Generolmajouer sollt hien dunn déi ganz brittesch Kavallerie nom Virbild vun der SAC ëmorganiséieren an e gouf zum Generalinspekter vun der Kavallerie ernannt. De 7. Mee 1910 ass en offiziell a Pensioun gaangen.
Eréischt 1907 hat de Baden-Powell genuch Zäit fir seng Iddi, déi scho laang virdru gebuer war, ze realiséieren: Hien huet vum 25. Juli bis den 9. August 1907 mat 22 Bouwen aus alle soziale Schichten op Brownsea Island an England deen éischte Scoutscamp organiséiert[1]. Hien huet d'Bouwen a Patrullen agedeelt an d'Soutsgesetz geschriwwen.
Den 8. Januar 1941 ass de Baden-Powell am Alter vu bal 84 Joer zu Nyeri (Kenia) gestuerwen. A sengem leschte Bréif huet hien dem Scoutissem seng zwéi wichtegst Sätz hannerlooss:
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
De Baden-Powell huet vum 12. - 14. Abrëll 1929 mat sengem Jong Peter Lëtzebuerg besicht.
Commons: Robert Baden-Powell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.