Scouten zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi Scoutsverbänn:
Déi éischt béid si Member an der World Organization of the Scout Movement an d'ESL ass Member an der chrëschtlecher Union internationale des guides et scouts d'Europe (UIGSE), och nach bekannt als Fédération du scoutisme européen (FSE), wou d'Gruppen nach traditionell op Jongen a Meedercher opgedeelt ginn. Tëschenzäitlech gouf et och eng Grupp vun de Royal Rangers zu Lëtzebuerg.
De Scoutissem gouf vum Robert Baden-Powell gegrënnt an orientéiert sech a senger ursprénglecher Form streng um chrëschtleche Glawen. Hie war uganks nëmme fir Jonge reservéiert gewiescht, éier mam Guidissem e weibleche Pendant gegrënnt gouf.
Beim Versprieche streckt de Scout seng dräi Mëttelfangeren an d'Luucht fir domat seng
zu weisen. Sou d'Originalversprieche vum Baden-Powell[1].
D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute formuléieren dëst Verspriechen haut sou:
"Ech engagéiere mech,
mäi Liewe sënnvoll ze gestalten a Verantwortung ze iwwerhuelen,
meng Ëmwelt ze respektéieren a mech fir Fridden a Gerechtegkeet anzesetzen,
mech dobäi u Jesus Christus ze orientéieren an nom Guide/Scoutsgesetz ze liewen."[2]
Bei der FNEL versprécht e Scoutschef dëst:
"Ech verspriechen op Éier a Gewëssen,
meng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz an am Sënn vun de Statute vun der FNEL
voll a ganz z'erfëllen
a bridderlech iwwer déi mir uvertraut Jongen a Meedercher ze waachen."[3]
Commons: Scouten zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.