From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Marie Alice ("Ria") Hackin, gebuer Parmentier de 7. September 1905 zu Rombas (haut am Museldepartement, deemools am Reichsland Elsaß-Lothringen) a gestuerwen de 24. Februar 1941 op der SS Jonathan Holt wéi déi am Atlantik, eng 350 Meile westlech vun de Färöer Inselen vun engem däitschen U-Boot torpedéiert gouf, war eng lëtzebuergesch-franséisch Orientarcheologin a Member vun de Forces françaises libres (FFL).
Marie Hackin | |
---|---|
an den 1930er Joren | |
Gebuertsnumm | Marie Parmentier |
Gebuer |
7. September 1905 Rombas |
Gestuerwen |
24. Februar 1941 Atlanteschen Ozean |
Doudesursaach | Erdrénken |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École du Louvre |
Aktivitéit | Archeolog |
Member vun | Forces françaises libres |
Famill | |
Bestuet mat | Joseph Hackin |
Der Marie Parmentier hir Elteren, de Jean Parmentier an d'Marie Weiland, ware vu Jonglënster an d'Museldepartement ausgewandert[1].
Si huet op der École du Louvre Archeologie studéiert. 1923 krut se déi franséisch Nationalitéit. Op der École du Louvre huet si de Joseph Hackin (* 1886 zu Béiwen op der Atert) kennegeléiert, deen do Course ginn huet. Si hu sech de 24. September 1928 zu Ars-sur-Moselle bestuet. D'Marie gouf Mataarbechterin vun hirem Mann. Zesummen hu si am Kader vun der franséischer archeologescher Delegatioun am Afghanistan do Recherche gemaach, méi genee zu Bamiyan, wou déi berüümt Buddha-Statue stoungen, souwéi zu Begram, nërdlech vu Kabul. Dono ware si jorelaang an Zentralasien, an Turkmenistan, der Mongolei, op Java an a Japan, ënnerwee.
1937 huet d'Marie Hackin bei Ausgruewungen, ënner der Leedung vun hirem Mann, zwéin zougemauert Kelleren entdeckt, (Chantier 2, Kummeren 10 an 13), an deenen de Schaz vu Begram war. Dat sinn haaptsächlech gliese Behälteren aus der Réimerzäit (1. Jh. n. Chr.) vun exzellenter Qualitéit, hellenistesch Gipsofdréck[2] a Placken aus Elfebeen mat indesche Motiver, wéi z. B. Flossgëtter, déi warscheinlech aus dem 3. Joerhonnert sinn.
Um Ufank vum Zweete Weltkrich gouf de Joseph Hackin Offizéier bei der franséischer Ambassade zu Kabul. De 6. Juli 1940 huet hien an engem Telegramm dem Generol de Gaulle geschriwwen, hie wéilt senge Forces françaises libres bäitrieden. D'Marie Hackin ass mat him iwwer Bombay mam Schëff op am Oktober 1940 op London gefuer, wou si de 26. Dezember 1940 als Sous-Lieutenant dem Corps des Volontaires Françaises bäigetrueden ass. Si gouf do Mataarbechterin vun der Simonne Mathieu.
Ufank Februar 1941 huet den de Gaulle dem Joseph Hackin den Optrag ginn, d'Intresse vun der France Libre als Gesandte beim englesche Vizekinnek an Indien ze vertrieden. Den 21. Februar 1941 ass d'Koppel zu Liverpool mam brittesche Frachtschëff Jonathan Holt lassgefuer. Dëst gouf duerch en Torpedo vum däitschen U-Boot U 97 versenkt, woubäi d'Koppel Hackin hiert Liewe verluer huet.
De Joseph an d'Marie Hackin krute posthum den Ordre de la Libération, deen am Ganzen 1038 Persoue kruten, dorënner sechs Fraen. Si kruten den Titel Compagnons de la Libération.[3] D'Marie Hackin-Parmentier krut zousätzlech d'Croix de Guerre.
1961 gouf eng Strooss am 16. Arrondissement zu Paräis Rue Joseph-et-Marie-Hackin genannt. 2022 gouf der Marie Hackin hiren Numm am Odonym vun der Strooss um Kierchbierg déi zanter 2002 no hirem Mann genannt war, bäigesat an heescht zanterhier Rue Marie-et-Joseph-Hackin.
1987 huet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht eng Kommemoratiounsaustellung organiséiert mam Titel Joseph et Ria Hackin. Couple d'origine luxembourgeoise au service des arts asiatiques et de la France.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.