Remove ads
belschen Museker From Wikipedia, the free encyclopedia
Plastic Bertrand ass de Kënschtlernumm vum belschen New-Wave-Museker Roger Jouret, deen de 24. Februar 1958 zu Bréissel gebuer gouf.
Plastic Bertrand | |
---|---|
De Plastic Bertrand 1987 beim ESC fir Lëtzebuerg | |
Gebuertsnumm | Roger Marie François Jouret |
Gebuer |
24. Februar 1954 Bréissel |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Sänger, Dänzer, Editeur, Museker |
De Jouret huet seng musikalesch Carrière ugefaangen als Batteur vun der belscher Punkband Hubble Bubble, déi 1974 hiren eenzegen Album Hubble Bubble bei Barclay erausbruecht huet. De Succès huet sech a Grenze gehalen. Mä zesumme mat sengem Produzent a sengem Lidderschreiwer Lou Deprijck huet en 1977 den New-Wave-Klassiker Ça plane pour moi opgeholl, deen net eleng an Europa e volle Succès gouf.
Duerno huet hien nach erëmexperimentéiert mat Disko, Bubblegum Pop, Rap a Reggae.
1987 ass de Plastic Bertrand beim Grand Prix Eurovision zu Bréissel mat dem Lidd "Amour, Amour" fir Lëtzebuerg gestart[1], mat deem hien zweetleschte gouf. Doropshi war et eng Zäit méi roueg, mä 2002 huet hie sech mam Album Ultraterrestre zeréckgemellt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.