From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pallasitte gehéieren zu der Grupp vun de Steen-Eisemeteoritten. Et gëtt ugeholl, datt se sech an differenzéierten Asteroiden, an der Grenzschicht tëscht dem Néckel-Eisen-Kär an dem Silikatmantel bilden.[1]
Pallasitte bestinn aus Olivinkristaller, déi an enger Struktur aus Néckel-Eisen agebett sinn. Si goufen nom däitsche Wëssenschaftler Peter Simon Pallas genannt. De Pallas hat bei senge Reesen a Sibirien bei Krasnojarsk den éischte Pallasit fonnt.
D'Pallasitte goufen wéinst hirer ënnerschiddlecher cheemescher Zesummesetzung an dräi Gruppen agedeelt:
All dës Gruppe goufen an engem eegenen Urspronkskierper geformt.
Am Abrëll 2008 gouf vum Bonham zu New York d'1000 kg Haaptmass vum Fukang Pallasitt (am Joer 2000 a China fonnt ginn) ugebueden. De geschate Präis louch bei 2 Milliounen US-Dollar, awer de Meteorit gouf net verkaaft.[2]
Pallasit gëllt och als Synonym fir d'Eisen dat a Meteoritten (och Steeneisemeteoritten) virkënnt.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.