From Wikipedia, the free encyclopedia
Steen-Eisemeteoritten, fréier och Siderolith genannt, maache mat ronn fënnef Prozent nëmmen ee klengen Deel vun alle Meteoritten aus. Si bestinn, wéi den Numm et undeit, aus enger Mëschung vu Silikatmineraler am fir Eisemeteoritte charakteristeschen Eisen-Néckelalliage. Si ginn a follgend Gruppen ënnerdeelt:
Am Kär vun de Pallasitte fënnt een zentimetergrouss, grénggielzeg Magnesiumräich Olivin-Kristallen, déi an eng metallesch Grondstruktur agebett sinn. Typescherweis läit d'Verhältnes vun Olivin a Metall bei ongeféier een zu zwee. Wann de Metallundeel méi héich ass gesäit ee, genee wéi bei den Eisemeteoritten, d'Widmanstätten-Strukturen. Si stame méiglecherweis aus der Grenzzon tëscht dem olivinräiche Mantel an deem duerch Eisen an Néckel dominéierte Kär vu fréieren Asteroiden. Déi aner Steen-Eisemeteoritten hu méi komplex Strukturen an Zesummesetzungen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.