From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Widmanstätten-Struktur ginn déi nëmmen a meteoriteschem Material noweisbar, charakteristesch Strukture bezeechent, déi ee gesäit, wann d'Eisemeteoritte vum Typ Oktaedrit ugeschlaff, poléiert a mat methanolhalteger Salpéitersaier gebeezt ginn. D'Erklärung läit an der ënnerschiddlecher Bestännegkeet vun den Néckel-Eiseminerale Kamacit an Taenit. Wärend den néckelaarme Kamacit méi staark ugegraff an opgeléist gëtt, bleiwen déi néckelräich Taenitkristalle stoen.
D'Struktur entsteet am fir d'éischt homogeenen Eisen-Néckelalliage aus Taenit bei ganz lueser Ofkillung (1 bis 100 Grad pro Millioune Joer) tëscht 700 an 450 °C am festen Zoustand duerch Kristallisatioun vum Kamacit laanscht bestëmmt Flächen an der Kristallstruktur vum Taenit. Sou entsti Placke vum Kamacit, déi wéi d'Fläche vun engem Oktaeder festgeluecht sinn. Dertëscht bleiwe bandfërmeg Reschter vun Taenit zeréck[1]. Déi laang Ofkillzäite maachen et verständlech, firwat déi Strukturen op der Äerd net nogemaach kënne ginn an dofir en Erkennungszeeche fir meteoritescht Eise sinn. Nëmmen a ganz klengem Moossstaf, soudatt si nëmmen am Mikroskop gekuckt kënne ginn, entstinn änlech Objeten och am Kuelestoffstol beim Erhëtze bis an d'Géigend vum Schmëlzpunkt.
D'Strukture goufe vum Schreibers nom éisträicheschen Naturwëssenschaftler Alois von Beckh-Widmanstätten genannt. De Widmanstätten hat d'Struktur 1808 zu Wien op enger gebeezter Fläch vum Eisemeteorit Hraschina entdeckt. Dat gouf awer eréischt 1820 vum Schreibers publizéiert[2]. Onofhängeg dovun hat den englesche Cheemiker Guglielmo Thomson d'Struktur schonn am Joer 1804 beschriwwen. Hien hat e metallescht Stéck vum Pallasit Krasnojarsk mat Saier behandelt, fir de Rascht ewechzemaachen an hat dobäi d'Struktur entdeckt.[3],[4]
Commons: Widmanstätten-Struktur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.