russesch-US-amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Otto von Struve (oder: Otto Struve; gebuer den 12. August 1897 zu Charkow, deemools Russescht Keeserräich; a gestuerwen de 6. Abrëll 1963 zu Berkeley (Kalifornien), USA) war e russesch-US-amerikaneschen Astronom vun däitsch-baltescher Ofstamung.
Otto von Struve | |
---|---|
Gebuer |
12. August 1897 Charkiw |
Gestuerwen |
6. Abrëll 1963 Berkeley |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, USA |
Educatioun | University of Chicago |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society, Académie des sciences, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences |
De Struve war de Jong vum Mathematiker Ludwig von Struve an den Neveu vum Hermann von Struve. No senger Schoulzäit huet de Struve vun 1914 un ugefaangen, Astronomie op der Universitéit Charkow ze studéieren. Säi Studium gouf duerch de russesche Biergerkrich ënnerbrach, bei deem hien op der Säit vun der Wäissen Arméi gekämpft huet. No Krichsenn huet hie säi Studium ofgeschloss an huet kuerz Zäit als Dozent geléiert.
Am Joer 1921 ass hien no den USA ausgewandert an huet als assistant for stellar spectroscopy um Yerkes Observatory zu Williams Bay, Wisconsin, geschafft. Den Observatoire huet zu der University of Chicago gehéiert. 1923 huet de Struve promovéiert an am nächste Joer war hien zum Dozenten zu Yerkes avancéiert. 1925 huet hien d'Mary Martha Lanning bestuet. D'Bestietnes war ouni Kanner bliwwen, sou war den Otto von Struve de leschte Spross vun der grousser Astronomefamill Struve.
1927 gouf hien zum assistant professor ernannt an nach am selwechte Joer krut hien déi US-amerikanesch Staatsbiergerschaft. 1930 war hien zum associate professor avancéiert a 1931 zum assistant director. An de Jore vun 1932 bis 1947 war de Struve Direktor vum Yerkes Observatoire a gläichzäiteg Professer fir Astrophysik op der Universitéit vu Chicago.
Wéi 1939 d'Universitéit vun Texas hire McDonald Observatory an den Davis Mountains opgemaach huet, gouf de Struve mat der Leedung betreit.
1950 huet de Struve dann seng Ämter wéinst gesondheetleche Grënn zu Austin an zu Chicago niddergeluecht an huet e Ruff vun der University of California, Berkeley ugeholl. Do huet hien un der astronomescher Fakultéit geléiert an den Leuschner Observatory geleet, deen zu der Fakultéit gehéiert huet.
1952 gouf de Struve zum President vun der Internationaler Astronomescher Unioun gewielt. Déi Plaz hat hie bis 1955. Véier Joer méi spéit gouf de Struve zum Direkter vum National Radio Astronomy Observatory beruff. Hei blouf hie bis säi Liewensenn.
Nieft senger Aktivitéit als Editeur vum Astrophysical Journal huet hie sech mat ëmfangräiche spektroskopeschen Observatiounen an theoreeteschen Ënnersich iwwer Stäre mat enorme Gashülle, iwwer Verännerlech Stären, Duebelstären an interstellar Matière beschäftegt.
1942 gouf de Struve an d'American Academy of Arts and Sciences gewielt.[1] 1954 gouf hien als Member ("Fellow") an d'Royal Society opgeholl.
Commons: Otto Struve – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.