lëtzebuergesche Philolog, Sproocheprofesser a Schouldirekter From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicolas Gredt, gebuer den 18. Februar 1834 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 20. Juni 1909, war e Lëtzebuerger Philolog, Sproocheprofesser a Schouldirekter. Hien ass virun allem bekannt wéinst dem Sagenschatz des Luxemburger Landes, deen hien erausginn huet.
Nicolas Gredt | |
---|---|
Gebuer |
18. Februar 1834 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
20. Juni 1909 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Enseignant, Direkter, Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Félix Gredt, Joseph Gredt, Paul Gredt |
Den Nicolas Gredt war fir d'éischt Schräinergesell.
No senger Schoulzäit am Stater Kolléisch a sengem Studium op den Universitéite vu Bonn a Paräis gouf hien 1864 Professer am Kolléisch, tëscht 1867 an 1869 Zensor an 'Directeur ff.', tëscht 1884 an 1885 'Sous-Directeur' an 'Directeur ff.', an tëscht 1885 an 1906 Direkter vum Kolléisch.[1]
1883 huet de Gredt säin Haaptwierk erausginn, de Sagenschatz des Luxemburger Landes, eng Sammlung vu Seeërcher déi doruechter am Land erzielt goufen[2].
Den Nicolas Gredt war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Hie war mat der (Anne Marie) Françoise Hoffmann (1838-1904) bestuet an hat véier Jongen: de Joseph Gredt (1863-1940, Benediktinerpater a Philosophiesprofesser zu Roum), den Alphonse Gredt (1865-1896, Dr. med. an der Stad Lëtzebuerg), de Paul Gredt (1867-1934, Dipl.-Ingenieur a Schmelzdirekter) an de Jean Félix, genannt (Jean) Felix Gredt (1868-1922, Jurist, ë. a. substitut du procureur de l'État zu Dikrech, an Auteur).[3]
Zu Zéisseng ass eng Strooss nom Gredt benannt: rue Nicolas-Gredt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.