Archiv a Bibliothéik iwwert d'Lëtzebuerger Literatur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lëtzebuerger Literaturarchiv[1] (deels och Nationale Literaturzentrum), offiziell Centre national de littérature (CNL), ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet, an deem seng Missioun et ass, Literatur vu Lëtzebuerg ze konservéieren, z'erfuerschen an zougänglech ze maachen (ë. a. och duerch Ausstellungen, Konferenzen, Atelieren, asw.). En ass am Servais-Haus, dem Gebuertshaus vum Emmanuel Servais, zu Miersch installéiert.
Centre national de littérature | |
---|---|
Lëtzebuerger Literaturarchiv | |
CNL | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Kultur |
Leedung | Nathalie Jacoby |
Ënnersteet der/dem | Ministère de la Culture |
Gegrënnt | 1995 |
Um Spaweck | http://www.cnl.public.lu/ |
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Servais-Haus (Miersch).
De Literaturarchiv sammelt alles, wat mat der literarescher Kreatioun zu Lëtzebuerg no 1815 ze dinn huet: Manuskripter, Drocksaachen, Biller a soss Dokumenter, déi domat zesummenhänken. Dorënner sinn ongeféier 40.000 Bicher, déi op der Plaz gelies, awer net ausgeléint kënne ginn.
D'Grondlag vum Literaturarchiv ass 1986 am Nationalarchiv geluecht ginn. 1995 konnt en am Servais-Haus seng Dieren opmaachen. E schafft mat anere Bibliothéiken an Archiven, wéi den Archives et musée de la littérature zu Bréissel, oder dem Deutsche Literaturarchiv zu Marbach zesummen.
Den CNL organiséiert reegelméisseg Virliesungen, Virträg, Filmprojektiounen an Ausstellungen, a gëtt Publikatiounen eraus.
Eng Annex, d'Haus Becker-Eiffes, mat zousätzleche Büroen an 2 Studioe fir Auteuren en résidence empfänken ze kënnen, gouf uganks 2009 ageweit. Doran ass och e grousse moderne Magazin fir d'Archiver[2].
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Lëtzebuerger Bibliothéik (fr. Nouvelle bibliothèque du Luxembourg) ass eng Serie, an där eeler, literaresch Wierker vu bekannte lëtzebuergeschen Auteuren aus dem 19. an dem 20. Joerhonnert nei erausginn a wëssenschaftlech kommentéiert ginn, mam Zil, datt déi Texter fir de Lieser nees um Bichermaart ze fanne sinn.
An dëser Serie gi Wierker gemeinsam vum nationale Literaturzentrum an den Éditions Phi erausbruecht.
Zanter senger Erëffnung am Joer 1995 bréngt den nationale Literaturzentrum zu all Ausstellung e Katalog eraus. Rezent Beispiller sinn:
Den Literaturarchiv bréngt reegelméisseg Audioproduktiounen eraus, dacks als Complement zu engem Ausstellungskatalog.
D'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise ass e Relevé vun der literarescher Produktioun zu Lëtzebuerg, deen zanter 1989 all Joer erauskënnt. D'Editiounen 2001 bis 2008 stinn als PDF-Dokumenter um Internetsite vum CNL zur Dispositioun .
De Lëtzebuerger Literaturarchiv bréngt reegelméisseg Inventairen eraus.
Commons: Centre national de littérature – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.