Malcolm Young
australesche Gittarist From Wikipedia, the free encyclopedia
australesche Gittarist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Malcolm Mitchell Young, gebuer de 6. Januar 1953 zu Glasgow a Schottland, a gestuerwen zu Elizabeth Bay den 18. November 2017[1] war en australesche Museker (Gittarist). Seng Eltere sinn 1969 an Australien ausgewandert, wou hien 1973 d'Rockband AC/DC gegrënnt huet. Säin eelere Brudder George Young war Member vun der Grupp The Easybeats.
Malcolm Young | |
---|---|
Gebuertsnumm | Malcolm Mitchell Young |
Pseudonym | The Riffmaker |
Gebuer |
6. Januar 1953 Glasgow |
Gestuerwen |
18. November 2017 Elizabeth Bay |
Doudesursaach | Demenz |
Nationalitéit | Australien |
Educatioun | Ashfield Boys' High School |
Aktivitéit | Gittarist, Lidderschreiwer, Museksproduzent |
Member vun | AC/DC |
Famill | |
Geschwëster | George Young, Alexander Young, Angus Young |
De Malcolm Young war ee vun deene wichtegste Leit bei AC/DC well hie Lidder geschriwwen huet an als Leader vun der Grupp gegollt huet. Säi Gittarestil war immens drockvoll an hie gouf vu ville Fans a Fachjournalisten als bëschte Rhythmusgittarist vun der Welt bezeechent. Hie war jorelaang mat Alkoholproblemer geplot.
2014 hat hien annoncéiert, datt hien en Traitement géint Demenz suivéiere géif an datt hien dofir mat AC/DC ophale géif.
Commons: Malcolm Young – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.