From Wikipedia, the free encyclopedia
MOST (Microvariability & Oscillations of Stars oder Microvariabilité & Oscillations Stellaires) ass e kanadesche Satellit fir genee Miessunge vu Stärenhellegkeeten. Bei MOST handelt et sech ëm ee Mikrosatellit, dee vill méi kleng am Verglach zum Hubble ass1. Hie soll Oszillatioune vu Stäre bestëmmen an extrasolar Planéiten duerch d'Verännerung vun der Systemhellegkeet wärend engem Planéitenëmlaf entdecken. De Satellit ka mat Hëllef vun engem CCD-Sensor visuell Hellegkeetsënnerscheeder vun nëmmen engem Milliounstel mag feststellen.
MOST (Microvariabilité & Oscillations Stellaires) | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit Weltraumteleskop |
Land | Kanada |
Agentur | CSA an DRDC |
Apogeum | 832 km |
Perigeum | 819 km |
Bunnschréi | 98,7° |
Mass | 60 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 101,4 min |
Exzentrizitéit | 0,0009 |
Start | 30. Juni 2003, 14:15 UTC |
Startplaz | Plessezk, Russland |
Drorakéit | Rockot |
Status | aktiv |
MOST gouf vun der kanadescher Firma Microsat Systems Canada entwéckelt, an Zesummenaarbecht mat der University of British Columbia, der University of Toronto, Spectral Applied Research, Ceravolo Optical Systems an der AMSAT. D'Mass vum Satellit ass nëmme 60 kg, et schwätzt een dofir och vun engem Mikrosatellit.
En ergänzende Satellitteprojet zu MOST ass BRITE, mat Kanada sinn dorun Éisträich a Polen bedeelegt.
MOST gouf den 30. Juni 2003 vun enger russescher Rockot-Rakéit vu Plessezk aus an eng sonnesynchron Ëmlafbunn an zirka 820 km Héicht bruecht. Sou kënnen d'Solarzellen de Satellit stänneg mat Energie versuergen. MOST kann ee bestëmmte Stär ronn zwéi Méint ouni Ënnerbriechung observéieren. De Satellit liwwert no iwwer zéng Joer ëmmer nach Fuerschungsdonnéeën a Biller.
Am Joer 2004 hunn d'Wëssenschaftler publizéiert, datt de Stär Procyon (α Canis Minoris) net sou staark oszilléiert wéi ufanks ugeholl. Dat huet zu fläissegen Diskussiounen ënner de Fuerscher gefouert. 2006 goufe mat dem Teleskop eng bis dohin onbekannt Klass vu Risestären, d'"slowly pulsating B supergiants" entdeckt.
De 25. Februar 2013 gouf den zweete kanadesche Weltraumteleskop NEOSSat op eng Ëmlafbunn bruecht[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.