fränkesche Keeser From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lothaire (oder Lothar) I., gebuer am Joer 795, a gestuerwen den 29. September 855 zu Prüm, war e fränkesche Kinnek a Keeser.
Lothaire I. | |
---|---|
Gebuer |
795 jul. Altdorf |
Gestuerwen |
29. September 855 jul. Prüm |
Nationalitéit | Karolengerräich |
Aktivitéit | Monarch, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Irmingard vun Tours |
Liewenspartner(in) | Doda |
Papp | Louis de Frommen |
Mamm | Irmingard |
Geschwëster | Ludwig den Däitschen, Pippin I., Charles de Plakkapp, Arnulf vu Sens, Gisela, Rotrude, Berthaid, Hildegard |
Kanner | Louis II. vun Italien, Lothaire II. vu Loutrengen, Charles vun der Provence, Rotrude, Hiltrude, Bertha, Irmgard, Gisela, Carloman |
Hie war den eelste Bouf vum Louis de Frommen an deem senger Fra Irmingard. Am August 814 gouf hie Kinnek vu Bayern. Am Juli 817 gouf e Mat-Keeser, wéi dem Karel dem Grousse säi Räich gedeelt gouf. Mëtt Oktober 821 huet hie sech zu Diddenuewen mat der Irmingard vun Tours, der Duechter vum Grof Hugues vun Tours, bestuet. 822 krut en och Italien an Ouschteren 823 gouf e vum Poopst Paschalis I. zum Keeser gekréint.
Am November 824 huet en d'Konstitutioun vum Lothaire ausgeruff, déi d'Rechter vum Keeser a vum Poopst zu Roum an am Kierchestaat festgeluecht huet. Am August 829 huet de Louis de Frommen dem Charel dem Plakkapp, sengem Jong aus engem zweete Bestietnes mat der Judith, Alemannien zoubestëmmt. De Lothaire a seng zwéi Bridder aus dem éischte Bestietnes vum Louis hunn dowéinst géint hire Papp rebelléiert an dësen 830 ofgesat. De Louis gouf awer nees befreit, an de Lothaire huet 831 d'Kroun verluer.
Am Juni 833 gouf et erëm eng Rebellioun géint de Louis, dës Kéier bei der Schluecht um Rotfeld bei Colmar. De Louis, dee keng Ënnerstëtzung méi hat, huet sech den 30. Juni erginn an huet ofgedankt. D'Judith an där hire Jong Charel goufen an e Klouschter gestach.
Dem Lothaire seng Herrschaft iwwer d'Frankeräich war awer net vu laanger Dauer: Seng zwéi Bridder hu sech mat hirem Papp, dem Louis de Frommen, nees arangéiert kritt an eng Allianz gemaach, fir dësen nees op den Troun hannescht ze kréien. Den 1. Mäerz 834 gouf hien zu Saint-Denis nees zum Kinnek ernannt, an de Lothaire, dee sech an d'Bourgogne duerch d'Bascht gemaach hat, huet sech am Juni 834 zu Blois missen ënnerwerfen. Just Italien huet en, als Ënner-Kinnekräich, däerfe behalen, huet awer missen dohin an ouni d'Erlabnes vum Louis net méi fort vun do goen.
Am Juni 839, nom Doud vum Pippin huet de Lothaire, zousätzlech zu Italien, d'Herrschaft iwwer Austrasien (ouni Bayern) kritt. E Joer drop (Juni 840) ass säi Papp gestuerwen, an de Lothaire huet d'Keeserkroun beusprocht, mä seng Bridder Ludwig a Karel hunn e bei der Schluecht vu Fontenoy, de 25. Juni 841 geklappt. De Lothaire krut zwar d'Keeserkroun, huet awer missen d'Territoiren, wéi et am Traité vu Verdun vum 10. August 843 festgehale gouf, mat senge Bridder deelen. Hie selwer krut, ausser Italien, d'Bourgogne, d'Länner tëscht dem Rhäin, der Meuse an der Schelde bis erop un d'Nordmier, mat Roum an Oochen, dat sougenanntentMëttelräich.
Ënner senger Regierungszäit hunn d'Araber 848 Italie geplëmmt, an d'Normannen d'Küstestied laanscht d'Nordmier. Den héije Klerus konnt seng Selbstännegkeet festegen, an dem Lothaire seng grouss Vasallen hunn, wéi de Lothaire selwer, mat Willkür a Gewaltherrschaft gelieft.
Am September 855 huet de Lothaire, dee schwéier krank war, mat der sougenannter Prümer Deelung säi Räich ënner sengen dräi Jonge gedeelt:
Hien huet sech an d'Abtei Prüm zeréckgezunn, wou en den 29. September 855 als Pater gestuerwen ass.
Mat senger Fra Irmingard hat de Lothaire néng Kanner:
Commons: Lothair of France – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.