Bei der Prümer Deelung vun 855 huet de Lothaire I. säi Räich ënner sengen dräi Jongen opgedeelt.
Dem Lothaire säi Räich war d'mëttelst Räich, dat sengersäits, beim Traité vu Verdun, aus der Deelung an dräi vum Karel dem Grousse sengem Räich ervirgaange war, a sech vun Zentralitalie bis erop a Frisland gezunn huet.
Zu Prüm (warscheinlech am Schlass vu Schüller), krute vum Lothaire senge Jongen:
- de Lothaire II. vu Loutrengen den Norde vu Lotharingien, wouzou dat haitegt Loutrengen gehéiert huet,
- de Charles d'Provence an
- de Louis II., de westlechen Deel (de Norde vun Italien).
Wéi de Charles 863 gestuerwen ass, hu sech seng zwéi Bridder seng Lännereie gedeelt, an 870, wéi och de Lothaire II. gestuerwen ass, hu sech deem seng Monnien, dem Lothaire I. seng Bridder, de Charles de Plakkapp an de Ludwig den Däitschen dee leschte Rescht vum Mëttelste Räich, mam Traité vu Meerssen, gedeelt.
Kuckt och
- Traité vu Prüm vun 2005
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.