franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Diddenuewen (fr.: Thionville; de.: Diedenhofen) ass eng franséisch Stad am Departement Moselle an den Haaptuert vun zwéin Arrondissementer an zwéi Kantonen.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Diddenuewen | ||||
Kanton | Thionville Yutz (fir Garche & Kœking) | ||||
Postcode | 57100 | ||||
Gemengecode | 57672 | ||||
Koordinaten | 49° 21’ 32’’ N 06° 10’ 09’’ O | ||||
Fläch | 4.986 ha | ||||
Bevëlkerung | 41.795 (2007) |
Diddenuewen läit am Dall vun der Musel, a mat Ausnam vum Quartier mat der Gare läit d'Stad ganz um lénksen Uwänner.
D'Stad Diddenuewen huet sech staark duerch Fusioune mat Nopeschgemenge vergréissert:
Nopeschuertschaften: Algrange, Angevillers, Entreng, Kettenuewen, Grouss-Hetteng, Fléischengen, Illange, Munnhuewen, Tierwen, Yutz.
Diddenuewen gëtt fir d'éischt Kéier an enger Chronik vum Joer 753 als Theodonis Villa ernimmt. Deemools war et nach nëmmen eng Pfalz vum fränkeschen Herrscher. No an no ass Diddenuewen zu enger Stad erugewuess, krut 1239 ee Fräiheetsbréif an huet bis zum Joer 1659 zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert: duerch den Traité vun de Pyrenäen, deen tëscht dem Louis XIV. a Spuenien ënnerschriwwe gouf, koum Diddenuewen mat sengem Ëmland u Frankräich.
Tëscht der franséischer Nidderlag vun 1870/71, no där dat 2. Däitscht Räich 1871 zu Versailles ausgeruff gouf, huet Diddenuewen bis November 1918, am Kader vum annektéierten Elsass-Loutrengen, zu Däitschland musse gehéieren. Vun 1918 u gehéiert Diddenuewen zu Frankräich, wann ee vun der däitscher Re-Annektéierung am Zweete Weltkrich emol ofgesäit.
Wärend der Industrieller Revolutioun ass d'Bevëlkerungszuel vun Diddenuewe schëtzeg an d'Luucht gaangen. Wéinst dem ekonomesche Réckgank an den 1970er Joren huet se dunn awer nees ofgeholl, wat souguer nach haut an der Agglomeratioun sou weidergeet, wann och e wéineg méi lues. Diddenuewe selwer a seng Faubourgen hunn zanter den 90er Joren awer nees zougeluecht, virun allem duerch eng nei Populatioun vu Frontalieren, déi all Dag a Richtung Lëtzebuerg schaffe fiert. Doduerch sinn zu Diddenuewen d'Immobiliepräisser och däitlech geklommen, mä ëmmer nach net grad sou staark wéi zu Lëtzebuerg selwer.
Commons: Diddenuewen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.