From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Iewerleng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Iewerleng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Iewerleng | |||
Par | Par Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Maximäin | |||
Baujoer | 1769 | |||
Koordinaten | 49° 46’ 24.0’’ N 05° 57’ 17.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt.
Se steet am Süde vun der Uertschaft Am Eck. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Iewerleng gehéiert ausser der Parkierch vun Iewerleng och nach d'Filialkierch vu Schandel.
1808 gouf Iewerleng eng eege Par, mat Schandel als Filial.
1852 gouf d'Kierch eng zweet Kéier vergréissert a krut e Grondrëss a Form vun engem Kräiz. Ageweit gouf se 1864, an d'Kierchepatréiner ware vun do un den hellege Maximäin, d'helleg Margeréit an d'helleg Agatha. Am rietse Säiteschëff gouf den Altor aus schwaarzem Marber opgeriicht.
1958 krut d'Kierch no enger Renovatioun eng Waarmloftheizung.
Ënner dem Paschtouer Léon Hoffmann koum et 1971 zu enger kompletter Renovéierung. Den Héichaltor an de Säitenaltor, déi am neogotesche Stil waren, goufen ewechgeholl. Den Duxall gouf ofgerappt, d'Fënstere goufen all ersat an eeche Bänke goufen opgestallt. Den ale wäertvolle Priedegtstull krut eng nei Funktioun. E gouf ëmgebaut, a gëtt als Ambo benotzt.
An dat lénks Säiteschëff koum 1972 eng nei Uergel vun der Firma Sebald vun Tréier an et gouf do Plaz geschaf fir de Kierchechouer. D'Heizung gouf ausgebaut an de Kiercheraum krut en neie Buedembelag.
1988 gouf ënner dem Paschtouer Nicolas Hardt en ale Barockaltor, dee virdrun an der Méchelskierch stoung, am Chouerraum opgestallt.
D'Kierchefënstere si vum Jean Zanter, dem Jong vum Gustave Zanter
Commons: Kierch Iewerleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.