chrëschtlechen Hellegen From Wikipedia, the free encyclopedia
De Maximäin vun Tréier (och nach Maximin), och als „Hellege Maximäin“ bekannt, gebuer um Enn vum 3. Joerhonnert zu Silly, a gestuerwen den 12. September 346 zu Poitiers, gouf 329 Bëschof vun Tréier.
Maximäin vun Tréier | |
---|---|
Titel | |
Titel | fréiere Bëschof vun Tréier |
Biographie | |
Gebuer |
3. Joerhonnert Silly |
Gestuerwen |
12. September 346 Poitiers |
Graf | Tréier |
Aktivitéit | Réimesch-kathoulesche Bëschof |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 29. Mee |
De Virgänger am Amt war den hellegen Agritius. Hie war e Géigner vum Arianismus an huet sengem Frënd a Matstreider Athanasius vun 335 bis 337 Asyl zu Tréier ugebueden.
De Maximäin ass 346 um Wee vu Konstantinopel op Poitiers gestuerwen. Säin Nofollger Paulinus huet den 29. Mee 353 seng stierflech Iwwerreschter op Tréier iwwerfouert. Duerfir ass den 29. Mee och säin Namensdag. Bei sengem Graf gouf am 6. Joerhonnert eng Benediktinerabtei gegrënnt (déi spéider Räichsabtei St. Maximin). D'Kierch St. Johannes gouf méi spéit a St. Maximin ëmgenannt.
De Maximäin vun Tréier gëtt dacks mat engem Bier representéiert, well der Legend no e Bier säin Iesel doutgemaach hat an deen als Strof seng Laascht op Roum huet missen droen.
Dem Maximäin vun Tréier säin Dag ass an der kathoulescher Kierch den 29. Mee an an der griichesch-orthodoxer den 3. Oktober. Hie gouf virun allem an der Géigend vun Tréier, och am Raum vum haitege Lëtzebuerg, an am Elsass veréiert.[1]
Hien ass de Patréiner fir d'Gefore vum Mier, dem Reen an dem falschen Eed.
Commons: Maximäin vun Tréier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.