Lieu-dit an der Gemeng Klierf From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kaalber Millen ass e Lieu-dit an der Gemeng Klierf (bis Enn 2011: Gemeng Hengescht) an Kadastersektioun Kaalber.
Kaalber Millen | |
---|---|
Déi restauréiert, fréier Millen (2021) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kalborn-Moulin, Moulin de Kalborn de: Kalborner Mühle, Kalbornmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Klierf |
Buergermeeschter | Georges Keipes |
Awunner | 0 |
01.01.2018 | |
Héicht | 308 m |
Koordinaten |
50° 06’ 11.45’’ N 06° 07’ 54.16’’ O |
D'Kaalber Mille läit am Dall vun der Our, ronn 1.5 km vu Kaalber ewech. Et kënnt en dohin iwwer e Wee de lénks vum CR339 fort geet, wann ee vu Kaalber op d'Tëntesmillen fiert, ongeféier 2 km baussent dem Duerf.
D'Kaalber Mille steet zanter dem September 2001 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]
Op der Kaalber Millen huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der finanzieller Hëllef vum Ëmweltministère, dem Naturmusée an dem LIFE-Nature Programm vun der EU vun 2005 bis 2011 e Projet fir d'Erhalen, dorënner och d'Ziichte vun der Flosspärelmuschel (Margaritifera margaritifera) realiséiert.
Nodeem am August 2011 de Life-Projet ausgelaf war, huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt eng Konventioun fir d'Finanzéierung vun der Suite vum Projet mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.[2],[3]
Am Projet gëtt Follgendes realiséiert:
Commons: Kaalber Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.