From Wikipedia, the free encyclopedia
KIC 8462852 ass – am Kepler Input Catalog, kuerz KIC – d'Bezeechnung fir en Haaptreiestär vun der Spektralklass F am Stärebild Cygnus. De Stär läit ongeféier 454 Parsec (1480 Lj) vun eiser Äerd ewech.
KIC 8462852 | |
Numm | KIC 8462852 |
Stärebild: | Cygnus (Cyg) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 20h 06m 15,457s |
Deklinatioun | + 44° 27' 24,61" |
visuell Magnitude | 7,17 |
Spektralklass: | F3 V / IV |
Astrometrie | |
Radialvitess: | |
Parallax | |
Distanz | 1480 Lj |
Absolut Hellegkeet | 3,08 mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 1,43 M☉ |
Radius: | 1,58 R☉ |
Liichtkraaft: | L☉ |
Uewerflächentemperatur | 6750 ± 120 K |
Aner Bezeechnungen | |
CD | −60° 1303 |
2MASS | J20061546+4427248 |
Tycho-Katalog | TYC 3162/665/1 |
Am Kader vum Planet Hunter-Projet goufe mam Kepler-Weltraumteleskop kuerz netperiodesch Hellegkeetsreduzéierunge vu bis zu 22 % fonnt, fir déi et nach keng Erklärung gëtt. Vun den Entdecker ginn opgebrache Koméiten als déi warscheinlechst Méiglechkeet ugesinn. D'Hellegkeetsännerungen hunn am Hierscht 2015 an de Medien zu Spekulatioune iwwer méiglech technesch Konstruktioune vun extraterrestreschen Zivilisatiounen, z. B. enger Dyson-Sphär gefouert.
Am Oktober 2015 huet de SETI-Institut mam ATA ugefaangen, de KIC 8462852 z'observéieren. Och de Radioteleskop vum Green-Bank-Observatoire an de Very Large Array goufe fir nei Ënnersich virgeschloen.[1],[2],[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.