franséische Mathematiker an Enzyklopedist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Baptiste le Rond, genannt D'Alembert, gebuer de 16. November 1717 zu Paräis an och do den 29. Oktober 1783 gestuerwen, war e franséische Mathematiker a Physiker, ee vun de bedeitendste vum 18. Joerhonnert, an e Philosoph vum Zäitalter vun de Lumières.
Jean Baptiste le Rond d'Alembert | |
---|---|
Gebuer |
16. November 1717 Paräis |
Gestuerwen |
29. Oktober 1783 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich, Kinnekräich Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Philosoph, Mathematiker, Physiker, Musikolog, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Musekstheoretiker, Enzyklopedist, Ingenieur, Astronom, Lexikograph, Intellektuellen |
Member vun | Royal Society, Académie française, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Accademia delle Scienze di Torino |
Säi mathematescht Haaptwierk ware seng Opuscules mathématiques an néng Bänn. Den D'Alembert huet sech ë. a. och fir Musek intresséiert. 1752 huet en d'Éléments de la musique théorique et pratique publizéiert, an zwee Joer drop d'Réflexions sur la musique en général et sur la musique française en particulier.
Zesumme mam Denis Diderot war hien Editeur vun der Encyclopédie, déi tëscht 1751 a 1780 erauskoum. Hie selwer huet sech bei deem Projet virun allem ëm de mathemateschen Deel gekëmmert. Och den Discours préliminaire am éischte Band, eng Zort Manifest vun der Opklärung, war vun him, dobäi iwwer 1570 signéiert a ronn 210 onsignéiert Artikelen, meeschtens iwwer Sujete ronderëm d'Naturwëssenschaften.
Hien huet mat „opgekläerten Despote“ korrespondéiert, wéi dem Friedrich II. vu Preisen an der russescher Zarin Katharina der Grousser, stoung awer den Herrschenden ëmmer kritesch géintiwwer. A sengem Essai sur les gens des lettres et sur les grands huet e 1759 d'Vue vun der Welt vum Adel mat där vun de Philosophe verglach. Den D'Alembert war war en exzellenten Tacitus-Iwwersetzer. Hie war (Éiere)member vun der Russescher Akademie vun de Wëssenschaften (Péitersbuerg, 1764), der Preußische Akademie der Wissenschaften, der American Academy of Arts and Sciences (1781), der Académie des sciences an och vun der Académie française, vun där e 1772 Generalsekretär op Liewenszäit gouf.
Wikisource: Jean le Rond d'Alembert – Quellentexter |
Commons: Jean le Rond d'Alembert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.