lëtzebuergesche Mathematiksprofesser From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Pierre Michaelis, gebuer den 3. September 1811 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. September 1867, war e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.
Jean Pierre Michaelis | |
---|---|
Gebuer |
3. September 1811 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. September 1867 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Mathematiker |
Vun 1837 an 1838, war hie Mathematiksprofesser am Collège municipal vu Bouillon an am Athénée royal vu Bruges.
Hien huet 30 Joer laang am Kolléisch zu Lëtzebuerg geschafft. Als Nofollger vum Nicolas-Michel Muller (1793 - 1876), gouf hien den 22. September 1866 do Direkter, an ass dat bis zu sengem fréien Doud am Joer 1867 bliwwen.
Als Professer am Stater Kolléisch gouf hien och Schoulinspekter, d'éischt fir d'Primärschoule vum Kanton Miersch, an du fir d'Schoule vun engem vun den zwéi Kantone Lëtzebuerg (et gouf nämlech ee Kanton "Stad" an ee Kanton "Land"). An der Stad gouf hie Member a spéider (vun 1858 un) Sekretär vun der Schoulkommissioun.
Hien huet vill wëssenschaftlech Dissertatioune geschriwwen an och eng Partie Schoulbicher, an Zesummenaarbecht mat Kolleege publizéiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.