From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hippolyte Trotyanne-de Mairesse[2], gebuer den 28. Abrëll 1823 zu Ëtteng (fr:Ottange) a Loutrengen, a gestuerwen den 10. Mee 1898 a senger Villa zu Munneref, war e loutrengesche Landadelegen, deen 1849 den Hotel Grand-Chef zu Munneref gegrënnt huet. Hie gouf zu Richemont begruewen.
Seng Eltere waren de Joseph-Hippolyte Trotyanne[3] an d'Eléonore de Mairesse. Seng Sëschter Marie-Laure-Rosalie war mat dem franséische Geolog Gabriel-Auguste Daubrée bestuet.[4]
Den Hippolyte Trotyanne war de Besëtzer vum Schlass Pépinville zu Richemont (tëscht Diddenuewen a Metz). .
Hien huet fléissend Lëtzebuergesch geschwat, Ëtteng huet jo fréier zu Lëtzebuerg gehéiert. Hien huet zu den éischte Kurgäscht vu Munneref an den 1840er Jore gezielt an huet relativ fréi erkannt, datt et an der Uertschaft un Hoteller gefeelt huet. Hien huet dunn decidéiert, fir en Hotel direkt tëscht dem Thermalbad an dem "Hôtel de l'Europe"[5] ze bauen: den "Hotel Grand-Chef". De Grondstee gouf 1849 geluecht an dräi Joer drop, 1852, huet den Hotel seng Dieren opgemaach, 2012 huet e seng lescht Gäscht empfaangen.
Vis-à-vis vum Hotel huet den Trotyanne sech eng Villa gebaut, an där hie bis zu sengem Doud gewunnt huet.
Den Trotyanne war e Jeeër an hat 1867 zesumme mam Nottär Jacques-Gustave Lessel[6] d'Juegd vun Elleng gesteet. 1891-1892 hat hien d'Juegd vu Munneref zesumme mam Wäinhändler Léon Bellwald[7].
Den Trotyanne hat a Loutrenge gutt Bezéiungen an huet sech agesat fir eng modern Stroosseverbindung tëscht Munneref a Diddenuewen. D'Strooss gouf 1859 gebaut. Op der Grenz huet eng nei Bréck aus Steen déi al Holzbréck ersat[8].
Commons: Hippolyte Trotyanne – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.