US-amerikanesche Sänger, Schauspiller, Entertainer a Biergerrechter From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Harry Belafonte, gebuer den 1. Mäerz 1927 zu Harlem[1], New York City, a gestuerwen de 25. Abrëll 2023 zu New York war en US-amerikanesche Sänger, Schauspiller an Entertainer. Hien ass ausserdeem fir säi politescht a soziaalt Engagement bekannt.
Harry Belafonte | |
---|---|
Gebuertsnumm | Harold George Bellanfanti |
Pseudonym | Raymond Bell |
Gebuer |
1. Mäerz 1927 Harlem |
Gestuerwen |
25. Abrëll 2023 Upper West Side |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA, Jamaika |
Educatioun | The New School |
Aktivitéit | Sänger, Schauspiller, Entertainer, Friddensaktivist, Discographesche Kënschtler, Lidderschreiwer, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Delegéierte Produzent, Dänzer, politeschen Aktivist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Kanner | Shari Belafonte, David Belafonte, Gina Belafonte |
1956 hat hien e grousse Succès mam Lidd Banana Boat Song (Day-O), an huet domat de Calypso-Stil vun de karibeschen Insele bekannt gemaach. Aner bekannt Lidder vun him si Matilda, Angelina, Island in the Sun oder Jamaica Farewell. Méi spéit huet hien éischter am Gospel oder Popstil gesongen. 1985 huet hiem mam Lionel Richie, Michael Jackson a Quincy Jones de Benefiz-Projet „USA for Africa“ op d'Bee gestallt an d'Lidd „We Are The World“ mat opgeholl.
2002 huet hien „The Long Road to Freedom“ publizéiert, eng Anthologie op 5 CDe vun der Musek vun de Schwaarzen an den USA, vu westafrikaneschen Aschanti-Lidder aus dem 17. Joerhonnert iwwer Spirituals, kreolesch Chéier, Blues a Gospel bis zu de Balladen aus de grousse Stied ëm d'Joer 1900.
Hien huet am Ganzen eng geschaten 150 Millioune Placke verkaf.
Als Schauspiller huet de Belafonte an enger ganzer Rëtsch Kinofilmer matgespillt, ë. a. am Otto Preminger sengem Carmen Jones (1955, eng Adaptaioun vum Georges Bizet senger Oper Carmen), Island in the Sun (1957), Uptown Saturday Night (1974) oder dem Robert Altman sengem Kansas City (1996).
Hien hat an der Zäit eng eegen Televisiounsemissioun, Tonight with Belafonte, fir déi en 1962 - als éischte Schwaarzen - den Emmy krut.
Den Harry Belafonte engagéiert sech fir politesch a sozial Ziler: an den 1960er Jore fir d'Biergerrechter vun de Schwaarzen an den USA, géint de Vietnamkrich, d'Apartheids-Regime a Südafrika, an d'Militärdiktatur a Griicheland; a fir d'Friddens- an d'Anti-Atomkraaft-Beweegung an den 1970er/1980er Joren. An den 2000er Joren huet hie virun allem d'US-Aussepolitik ënner dem George W. Bush kritiséiert. Hien ass UNICEF-Sonner-Ambassadeur.
Commons: Harry Belafonte – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.