Quincy Jones

US-amerikaneschen Jazzmuseker, Komponist, Arrangeur a Produzent From Wikipedia, the free encyclopedia

Quincy Jones
Remove ads

De Quincy Delight Jones jr., gebuer de 14. Mäerz 1933 zu Chicago, a gestuerwen den 3. November 2024 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Jazzmuseker, Komponist, Arrangeur a Produzent.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Liewen a Karriär

Nodeems hien an den 1950er-Jore mat Leit wéi der Dinah Washington, dem Lionel Hampton an dem Dizzy Gillespie zesumme gespillt hat, huet hie sech vun den 1960er-Joren un op d'Schreiwen, Arrangéieren a Produzéiere vu Musek konzentréiert. Am Ufank blouf hien dem Genre vum Jazz trei, ma lues a lues huet hien och an de Beräicher Film- a Popmusek geschafft. Vun der Abberzuel vun Artisten, mat deenen en zesummegeschafft huet, ass seng Kollaboratioun mam Michael Jackson, ë. a. als Produzent vum Album Thriller, déi bekanntst.

Den Jones gouf bannent senger Karriär 79 Mol fir e Grammy Award nominéiert an huet en 28 Mol gewonnen.

Hie war dräimol bestuet: mat der Jeri Caldwell (1957 - 1966), dem Mannequin Ulla Andersson (1967 - 1974) an der Schauspillerin Peggy Lipton (1974 - 1990). Vun 1991 bis 1997 war hie mat der Schauspillerin Nastassja Kinski zesummen. Hien ass Papp vu 7 Kanner.

Hien huet sech am soziale Beräich engagéiert, ë. a. fir d'Bildung vu Kanner aus aarme Verhältnesser a fir d'Sammelen an Erhale vun afroamerikanescher Musek (Institute for Black American Music).

Remove ads

Wierk

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

 Commons: Quincy Jones – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads