Persoun, déi Lidder schreift From Wikipedia, the free encyclopedia
E Songwriter, heiansdo och Lidderschreiwer, ass eng Persoun, déi Musekskompositiounen erstellt oder Liddertexter schreift, oder béides, an dat haaptsächlech am Beräich vun der Pop a Rockmusek. Den Auteur vun der Musik vun engem Lidd kann als Komponist bezeechent ginn, obwuel dee Begrëff éischter am klassesche Museksgenre a bei der Filmmusek gebraucht gëtt. E Songwriter, deen haaptsächlech d'Texter fir e Lidd schreift, gëtt als Texter bezeechent.[1]
D'Schreiwe vu Lidder kann eng Tätegkeet sinn, bei där d'Aufgaben op méi Persoune verdeelt ginn. Beispillsweis kann e Songwriter, dee sech beim Schreiwe vun Texter ervirdeet, mat engem Songwriter schaffen, deen d'Aufgab huet, originell Melodien ze kreéieren.
Songwriter schaffe meeschtens selbststänneg. Si verdéngen hir Sue mat Optragshonorairen an den Tantieme vun de Verwertungsgesellschaften (Auteursrecht).[2]
De Begrëff Liddermécher, oder Liedermacher op Däitsch, gëtt am däitschsproochegem Raum gebraucht fir Sänger, déi hir Musek an Texter haaptsächlech selwer geschriwwen oder originär beschafft hunn. Beispiller heivir sinn de Reinhard Mey an de Wolf Biermann. International gëtt dofir éischter de Begrëff Singer-Songwriter benotzt.[3],[4]
Commons: Songwriteren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.