Lëtzebuergesche Professer, Auteur, Theaterschauspiller a Regisseur From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Édouard ("Ed") Maroldt, gebuer den 20. Mee 1950 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Professer, Auteur, Theaterschauspiller a Regisseur.
Ed Maroldt | |
---|---|
Gebuer |
20. Mee 1950 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Schauspiller, Lycéesprofesser |
Famill | |
Geschwëster | François Maroldt |
Den Ed Maroldt ass zu Esch-Uelzecht opgewuess als dat eelst vun dräi Kanner. No der Première 1969 am Escher Jongelycée huet hien zu Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiert. Gläichzäiteg huet hie beim Hellmut Geissner Sproocherzéiung studéiert. Vun 1974 bis 2013 war hien Däitschprofesser am Escher Jongelycée a Sproocherzéier zu Esch an an der Stad. Hie war och Chargé de cours fir ugewannte Linguistik op de Lëtzebuerger Cours universitaires.
Beim Kasemattentheater an an der Kulturfabrik war hie Schauspiller, Kabarettist, Regisseur an Auteur. Zanter den 1970er Joren versteet den Ed Maroldt seng Aarbecht als eng Zort "multimedial Vollekskunde", hie gesäit sech als passeur de mémoire. Hien huet vun 1974 bis 1981 déi Escher Studentebün geleet[1], zesumme mam Ad Deville a Gast Rollinger. Dës Bün huet net nëmmen dem Schoultheater nei Impulser ginn, mä och dem Theater zu Lëtzebuerg. De Raoul Biltgen, de Michel Clees, de Marco Goetz, de Rosario Grasso, d'Danielle Hoffelt, de Steve Karier, de Christian Kmiotek oder de Pierre Rauchs sinn nëmmen e puer vu senge Schüler, déi déi Lëtzebuerger Theaterzeen gepräägt hunn.
Am September 1995 gouf op Initiativ vum Ed Maroldt am LGE, als Projet d'établissement, den Uelzechtkanal, en Televisiounsprogramm, dee vun de Schüler selwer gemaach gëtt, agefouert. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uelzechtkanal.
Hien huet och eng Rëtsch Bicher, Artikelen a Videoreportagë publizéiert, déi meescht zu zäitgeschichtleche Sujete wéi d'Entwécklung vun der Stolindustrie an déi vu Stied an Uertschaften, wéi Esch-Uelzecht a Leideleng.
Den Ed Maroldt ass bestuet, huet zwee Kanner a wunnt zu Leideleng.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.