lëtzebuergeschen Entertainer From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Yves Desquiotz, gebuer de 6. Dezember 1968 zu Esch-Uelzecht, besser bekannt als Dieter D, ass e lëtzebuergeschen Entertainer.
Dieter D | |
---|---|
Gebuer | 6. Dezember 1968 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sänger |
Den "Dieter" huet als Kand Solfège a Klarinett geléiert, am Alter vun 12 Joer koum nach Batterie mat dobäi. Scho mat 15 Joer huet den Dieter ugefaangen Danzmusek ze spillen. An huet sech am Alter vun 21 Joer nach dru ginn, fir Keyboard ze spillen.
1999 hat den Dieter een Optrëtt bei SAT 1[Wou ?] an duerno bei 9Life, wou hien als Comedien opgetrueden ass. Vum Januar 2000 u war hie 6 Joer laang bei den RTL-Déckkäpp.
Vun 2002 bis 2007 ass den Dieter zesumme mat sengem Kolleeg Guy Lepage reegelméisseg als Komiker-Duo Desquiotz & Lepage opgetrueden.
Am Januar 2004 huet den Dieter an enger Produktioun mam Jang Linster seng éischt Party-CD mam Titel "Wondervull" op de Maart bruecht.
Am Januar 2006 koum do dem Dieter seng zweet CD mam Titel "Fräi Nuet" op de Marché, wou sech den Titel "Mir hu kee Béier méi" als Fues- a Partyhit 2006 duerchgesat hat.
Nieft Optrëtter um "Piccobello" oder op der "RTL Fiesta" stoung den Dieter dann och mat Sänger a Gruppe wéi Mickie Krause, Peter Wackel, Olaf Henning, Hermes House Band asw. zesummen op der Bün.
2007 huet den Dieter D, zesumme mam Rom Bernard, Sänger vu Cool Feet an dem Profi-Museker Beranrd Wrincq seng CD "Partyalarm" produzéiert. Dorop sinn Titele wéi "Null Promill", "De bloen Hirsch" oder "Volare".
Maxi Cd Dieter-DE
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.