D'Barbara vun Nikomedia oder d'Barbara vun Heliopolis, gemenkerhand als helleg Bäerbel (och nach Boarbel oder Barbara) bekannt, ass eng historesch net beluecht chrëschtlech Märtyrerin. Si soll am Joer 273[1] zu Nikomedia, dem haitegen Izmit an der Tierkei, gebuer sinn an do gelieft hunn; gestuerwe wier se am Joer 306.
Helleg Bäerbel | |
---|---|
Helleg Bäerbel Statu an der Kierch zu Buerschent | |
Titel | |
Biographie | |
Gebuer |
273 jul. Nikomedia |
Gestuerwen |
306 jul. Nikomedia |
Doudesursaach | Käppen |
Aktivitéit |
Thaumaturg, Gefaangenen |
Aner Informatiounen | |
Statut | Grousse Märtyrer |
Gedenkdag | 4. Dezember |
Legend
D'Bäerbel huet an der Zäit vun der Chrëschteverfollgung gelieft a war Märtyrerin ënner dem Galerius Valerius Maximinus, genannt Daja. Si ass eng legendär Figur, an trotzdeem eng vun deene bekanntste chrëschtlechen Hellegen.
D'Bäerbel soll net nëmmen eng Schéinheet, mä och e schlaut Meedche gewiescht sinn. Si huet sech zum Chrëschtentum bekannt an déi heednesch Gëtterbiller futtigemaach. Wéi de Papp op eng Rees war, huet si um Tuerm vum elterleche Besëtz eng drëtt Fënster (wéinst der Dräifaltegkeet) ubrénge gelooss.
Hire räichen an heednesche Papp huet d'Bäerbel doropshin an den Tuerm agespaart. Der Seechen no gouf d'Bäerbel vum Johannes dem Deefer, deen hir erschéngen ass, gedeeft.
Fir säi Meedche vum Glawen ofzehalen, huet de Papp d'Bäerbel stänneg schloe gelooss, a wéi näischt méi gehollef huet, huet hien si dem réimesche Statthalter Marcianus ausgeliwwert. De rachsüchtege Papp soll selwer d'Urteel vollstreckt, a säi Meedchen am Joer 306[1] mat dem Schwäert ëmbruecht hunn. Kuerz drop ass hie vum Blëtz getraff ginn a verbrannt!
Duerstellung
D'Statue vun der helleger Bäerbel hunn nieft sech ëmmer en Tuerm mat dräi Fënsteren, des Weideren och e Schwäert oder e Kielech, eng Fakel oder e Kanounerouer.
Eng kleng Reliquie vun der helleger Bäerbel läit an der Wallfaartskierch "St. Hildegard und St. Johannes des Täufers" zu Eibingen am Rheingau an Däitschland. Dës Reliquie gehéiert zum Eibinger Reliquieschatz, deen d'Hildegard vu Bingen zesummegedroen huet.
Veréierung
Der helleger Barbara hire Gedenkdag ass traditionell de 4. Dezember. Zanter 1969 gëtt dësen Dag net méi am Festkalenner vun der réimesch-kathoulescher Kierch gefouert, well d'Bäerbel als eng legendär Figur ouni historeschen Hannergrond gëllt.
Patréinesch
D'Bäerbel ass d'Patréinesch:
|
|
|
Si ass eng vun de Véierzéng Nouthellegen a gëtt ugebiet bei Donnerwieder, bei Feiergefor, bei Féiwer a Pescht.
D'Bäerbel zu Lëtzebuerg
Bäerbelen- oder och Boarbelendag
A ville Géigenden, wou Biergbau bedriwwe gëtt oder gouf, gëtt d'Bäerbel de 4. Dezember oder de Sonndeg duerno gefeiert. Dacks gëtt e Cortège gemaach, wou d'Hellegefigur vun de Biergleit oder haut och dacks vun de Pompjeeën duerch d'Duerf bis bei d'Kierch gedroe gëtt.
Traditionell gëtt den Ëmzuch mat Knupperte begleet, déi un d'Sprengungen an de Minièren erënnere sollen.
Nodeems am Joer 2019 zu Téiteng d'Iddi opkoum, fir de Bärbelendag an d'Unesco-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen androen ze loossen[2], steet en zu Lëtzebuerg zënter dem 30. November 2022 op dem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen.
A follgende Lëtzebuerger Uertschaften gëtt de Bäerbelendag nach aktiv gefeiert gëtt :
Éierungen
Fir un d'Bäerbel z'erënneren, sinn zu Lëtzebuerg eng Partie Stroossen no hir genannt: zu Diddeleng, Esch-Uelzecht, Keel, Lamadelaine an Nidderkuer.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Helleg Bäerbel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Bäerbelendag, op iki.lu, der Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (gekuckt den 3. Februar 2023)
- Barbarafeier für Unesco-Label im Gespräch op wort.lu den 3. Dezember 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort ënnert dem Titel Ein weiteres Unesco-Label im Blick, S. 22
- 4. Dezember: Heute ist "Boarbelendag" op wort.lu de 4. Dezember 2017
Referenzen an Notten
- 4. Dezember: Heute ist "Boarbelendag" um Spaweck
- Barbarafeier für Unesco-Label im Gespräch um Spaweck
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.