Uertschaft an der Gemeng Rammerech From Wikipedia, the free encyclopedia
Uewermaartel ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech, op der belscher Grenz. Si ass bekannt fir hir fréier Schifergrouwen.
Uewermaartel | |
---|---|
Spléckerei vun der Grouf Johanna | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Haut-Martelange de: Obermartelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Rammerech |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Awunner | 23[1] |
01.01.2014 | |
Koordinaten |
49° 49’ 26’’ N 05° 44’ 55’’ O |
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Leekollen zu Lëtzebuerg#Schiferindustrie zu Uewermaartel.
Am 18. Joerhonnert gouf et op där Plaz nach keen Duerf an den Numm Uewermaartel gëtt et nach net. Nieft dem Zesummefloss vun zwou Baachen ass 1778 op der Ferrariskaart just eng Seeërei agezeechent, ouni besonnesch Bezeechnung. Um Enn vum 18. Joerhonnert entstinn op där Plaz déi éischt Schifergrouwen. Beaflosst gouf déi Entwécklung duerch d'Franséisch Revolutioun. Mam Enn vum Ancien Régime hunn d'Leekollen am franséische Fumay, eng Regioun, wou zanter dem Mëttelalter Schifer ofgebaut gouf, Problemer mam Export an eng no der anerer muss zoumaachen. Nom Napoleon senger Besetzung vun eise Gebidder hunn zwou Famillen, déi schonn zu Fumay am Schifer geschafft hunn, sech an der Géigend vu Maartel neiergelooss. D'Konzessioune fir Schifer ofzebaue ware bis ongeféier 1890 generell an der Hand vun e puer Familljebetriber vu Leit mat engem gewëssene Kapital.
Am Laf vun engem Joerhonnert huet sech den Terrain duerch de Schiferofbau an deene klenge Leekolle vum Dall awer staark verännert: net nëmmen Industriegebaier sinn entstanen, mä och Wunnhaiser, eng kleng Siidlung mat enger Gare. Duerch déi ofallintensiv Beaarbechtung vum Schifer si ronderëm déi kleng Grouwen, Schifertippen entstanen, nei Gebaier goufen op fréierem Schiferschutt opgebaut, soudatt een Deel vum Dall Enn vum 19. Joerhonnert, mat den éischte Konzessiounen op der Seemühle oder op der Fooscht, schonn e puer Meter méi héich läit wéi nach 1790.
Ee ganz wichtege Facteur vun der Entwécklung op där Plaz war awer d'Janglisgare. Mat der Aweiung vun der Janglisstreck 1890 war et méiglech de Schifer a grousse Quantitéiten an d'Land an an d'Ausland ze transportéieren. Bis 1914 goufen effektiv all d'Grouwen aus der Géigend, déi net un d'Schinnenetz ugebonne waren, zougemaach.
An der Tëschenzäit hat sech, mat enger geziilter offensiver Akafspolitik zanter den 1890er Joren, d'Famill Rother vu Frankfurt am Main quasi de Monopol vun de Schifergrouwen op lëtzebuergeschen Terrain verschaaft - Ausnam waren déi Aasselbuerer Leekollen. D'Famill Rother an hir Ierwe waren déi nei Proprietäre vun Uewermaartel, an dat net nëmme wat den Terrain, d'Grouwen an d'Industriegebaier ubelaangt, mä och d'Wunnhaiser. Déi waren, wéi all hir Gebaier zu Uewermaartel an an der Ëmgéigend, markant wäiss-gréng ugestrach.
1938 ass dem René Leclère säin Documentaire Ardoises iwwer d'Aarbecht an den Uewermaarteler Schifergrouwen erauskomm.
Mam Doud vun der Christiane Rother ass 1985 déi lescht direkt Ierwin vun Uewermaartel gestuerwen. Zanter där Zäit steet d'Villa Rother eidel. 1986 ass d'Firma Ardoisières de Haut-Martelange s.a. definitiv zougemaach ginn. Zu Uewermaartel huet all industriell Produktioun opgehalen.
Haut wunnen am Duerf nach just d'Locataire vu fréier. E puer Wunnhaiser waren awer schonn zur Zäit vun der Famill Rother nach a Privatbesëtz iwwergaangen.
1993 huet d'Gemeng Rammerech de Site Uewermaartel mat sengen Industriegebaier, senge Wunnhaiser, Gebaier an der Villa Rother kaaft fir en 2003 nees un de Lëtzebuerger Staat weiderzeverkafen. Haut ass do de Schifermusée Uewermaartel.
Commons: Uewermaartel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.