From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Autobunn A1, och Tréierer Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Gréiwemaacher. Se fänkt um Gaasperecher Kräiz un a mécht d'Verbindung mat Däitschland op der Héicht vu Waasserbëlleg wou se op der Grenz iwwer d'Sauer geet. Vun do un iwwerhëlt déi däitsch A64 de Verkéier.
A1 - Tréierer Autobunn | |||
Zeechen | N° | Verdeeler | km[1] |
A3/A6 Gaasperecher Kräiz | 0,0 | ||
Tunnel Houwald | |||
Victor-Bodson-Bréck | |||
7 | Hamm | 6,867 | |
Tunnel Zens | |||
8 | Kierchbierg | 9,075 | |
Uschloss A7 Kräiz Gréngewald | 9,893 | ||
9 | Sennengerbierg | 11,801 | |
10 | Cargocenter | 12,968 | |
11 | Mënsbech | 15,430 | |
12 | Fluessweiler | 22,648 | |
13 | Potaschbierg | 26,149 | |
14 | Mäertert | 30,212 | |
Sir-Viaduc | |||
Viaduc Sernigerbaach | |||
15 | Waasserbëlleg | 35,023 | |
Aire de Wasserbillig | |||
Sauerdallbréck | |||
Däitsch Grenz - A64 | 36,203 |
D'A1 huet eng Längt vu 36,7 km a se leeft méi oder manner parallel zu der N1. Se ass en Deel vun der Europastrooss E44.
D'A1 gouf an e puer Phase fir de Verkéier opgemaach[2]:
Dobäi koumen 1996 an 2002 Aarbechten um Stéck tëscht dem Iergaart an dem Sennengerbierg, ë. a. fir den Uschloss un d'A7 ze preparéieren. An där Zäit goufen d'Raschtplazen, respektiv hiren Accès, a béide Richtungen tëscht dem Sennengerbierg an der Jonctioun Gréngewald ofgerappt. Gläichzäiteg mam Fäerdegstelle vum Süd-Ost-Contournement vun der Stad gouf ugefaangen, déi haiteg Avenue John-F.-Kennedy um Kierchbierg, déi ufanks als Autobunn konzipéiert war (an och "A1" genannt gouf) zu engem Boulevard zeréckzebauen.
Op der Streck vu Gaasperech bis op Waasserbëlleg goufen e puer grouss Brécken an Tunnelle gebaut:
Commons: A1 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.