Europastrooss E44

Europastrooss a Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia

Europastrooss E44

D'Europastrooss E 44 ass eng Europastrooss a Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland.

Séier Fakten Land, Längt ...
Europastrooss E44
Thumb
Thumb
Land Frankräich, Lëtzebuerg, Däitschland
Längt 780 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Europastrooss E44
Zoumaachen

Si huet eng Längt vun 807 Kilometer a geet vu Le Havre iwwer Lëtzebuerg op Giessen.

Zu Lëtzebuerg fänkt d'E44 op der franséischer Grenz zu Rodange, wou se Uschloss un déi Franséisch Departementale D 918A huet, un.

Si leeft dann iwwer d'N 5 bis op Rodange vu wou un se op d'N 31 (Contournement vu Péiteng) geet bis op d'Biff (Rond Point André Sibenaler) zu Käerjeng. Vun hei un geet se erëm iwwer d'N 5 iwwer Schuller an Dippech, Richtung Stad.

Op der Helfenter Bréck béit se dann no lénks op N 34 a Richtung Bartreng fir no e puer honnert Meter op d'Areler Autobunn a Richtung Gaasperecher Kräiz ze goen.

Um Gaasperecher Kräiz wiesselt se dann op d'Tréierer Autobunn a bleift op där bis op d'däitsch Grenz hanner Waasserbëlleg wou se Uschloss un déi däitsch A 64 huet.

Historesches

Ier et den Autobunnsrank südlech laanscht d'Stad Lëtzebuerg gouf, goung d'E 44 vun der haiteger Jonctioun Gréngewald weider bis bei d'Rout Bréck. An den 1980er gouf deen Deel no knapps 10 Joer als Autobunn ewell zeréckgebaut an ass haut d'N51.

Um Spaweck

Commons: E44 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.