From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Avenue John-F.-Kennedy ass eng Strooss um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg. Et ass d'Haaptstrooss, déi, op knapps 4 km, vun der Rouder Bréck aus queesch iwwer de Plateau bis bei de Rond-point Serra geet, wou se Uschloss mat der Autobunn A1 huet. D'N51 féiert driwwer.
Numm | fr: Avenue John-F.-Kennedy |
---|---|
Längt | ca. 3.700 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier |
Kierchbierg, Neiduerf/Weimeschhaff, |
Postcode | 1855 |
Koordinaten |
49° 37’ 34.5’’ N 06° 09’ 41.4’’ O |
Genannt no | John F. Kennedy |
D'Avenue Kennedy war ursprénglech als Autobunn gebaut ginn. Tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore gouf se zu engem Stadboulevard zeréckgebaut: Autobunnsop- an offaarten, souwéi Ënnerféierunge goufen ewechgemaach, normal Kräizunge mat Foussgängersträif goufen ugeluecht, asw.[1] Bei dësem Ëmbau goufen och Vëlosweeër an en Tracé fir den Tram amenagéiert, deen do zanter dem Dezember 2017 fiert.
Hiren Numm krut s'als Erënnerung un den US-President John F. Kennedy.
Commons: Avenue John-F.-Kennedy (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.