Andreas Kaplan

Rektor, Däitsche Professor From Wikipedia, the free encyclopedia

Andreas Kaplan
Remove ads

Den Andreas Kaplan,gebuer de 5. Oktober 1977 zu München, ass Professer a Rekter op der ESCP Business School zu Paräis[1]. Hien ass an de Beräicher kënschtlech Intelligenz, nei Technologien a sozial Medie spezialiséiert.[2] Enger Etude vun de Stanford University Fuerscher no (publizéiert an der Zäitschrëft PLoS), gehéiert hien zu den 2 % vun de beschte Wëssenschaftler op der Welt[3][4].

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Liewen

De Kaplan gouf de 5. Oktober 1977 gebuer an ass zu München opgewuess. Seng Mamm ass d'Anneliese Kaplan (Schneiderin) a säi Papp ass de Vincenc Kaplan (Schlässer)[5]. De Professer Kaplan huet e Master of Public Administration vun der École Nationale d'Administration, en MSc vun der ESCP Business School, an e BSc vun der Ludwig-Maximilian Universitéit vu München. Hien huet seng Habilitatioun op der Sorbonne ofgeschloss a säi Ph.D. op der Universitéit Köln an Zesummenaarbecht mat der HEC Paris gemaach. Ier hien op d´ESCP Business School gaangen ass, war de Kaplan Professer op der ESSEC Business School an um Sciences Po Paris[6].

Hien huet net nëmmen iwwer zéng Joer Erfahrung am Héichschoulsecteur, mee hien huet och als gewielte Rektor an Dekan vun der ESCP Business School zu Berlin a Paräis, Sorbonne Alliance, an als Provost vun der Schoul gedéngt. Hei war hie verantwortlech fir 6,000 Studenten a bal 30 Studiengäng op de sechs Campusse vun der Institutioun zu Berlin, London, Madrid, Paräis, Turin a Warschau.[7]

De Kaplan ass de Grënner vum European Center for Digital Competitiveness. Hien ass Matbierger vum St George's House (Windsor Castle),[8] a Member vum Kozminski University Executive Education Advisory Board.[9] Hie war och am Verwaltungsrot vum däitsch-franséische Wirtschaftskrees an huet Léiererfahrung op der Harvard Universitéit, Sciences Po Paris, an der Tsinghua University.[6]

Thumb
Europäescht Parlament: Nicole Fontaine, Odile Quintin, Andreas Kaplan
Thumb
Académie de Berlin: Ulrich Wickert, François Villeroy de Galhau, Andreas Kaplan
Thumb
Den Hans-Gert Pöttering kritt den Doktorat Honoris Causa vum Andreas Kaplan iwwerreecht
Thumb
Andreas Kaplan: TEDx 2020
Remove ads

Fuerschung

Dem Kaplan seng Fuerschung beschäftegt sech haaptsächlech mat der Analyse an Entschlësselung vun der digitaler Sphär, kierzlech mam Impakt vum Fortschrëtt an der kënschtlecher Intelligenz op d'Gesellschaft an d'Wirtschaft. Mat ongeféier 35 000 Zitater op Google Scholar[10] gouf de Kaplan ënnert den Top 50 Business a Management Autoren op der Welt gezielt no John Wiley & Sons.[11] Hien zielt an der Stanford Studie zu den Top 2 % vun de Wëssenschaftler op der Welt.[3][4] Firun allem huet säin Artikel "Users of the world, unite! The challenges and opportunities of social media"[12] ëmmer erëm déi éischt Plaz an der jährlecher Lëscht vun de 25 meescht erofgeluede Publikatiounean vun der „Science Direct“ erreecht, déi méi dacks erofgeluede goufen wéi all aner vun den 13,4 Millioune Dokumenter vun der Sammlung.[13]

De Kaplan, dee sech besonnesch fir d'Zukunft vun der Héichschoul an Europa interesséiert, huet och Bicher an Artikelen iwwer d'europäesch Gestioun an Héichschoulbildung a seng zukünfteg Entwécklung duerch d'Digitaliséierung vum Secteur, geschriwwen[14]. De Kaplan definéiert Europa als "maximal kulturell Diversitéit mat minimaler geographescher Distanz"[15] an europäesch Gestioun als "kulturiwwergräifend, gesellschaftlech Gestioun baséiert op enger interdisziplinärer Approche"[16] an ass e groußen Ennerstetzer vu kulturiwwergräifender an interdisziplinärer Managementausbildung. Ausserdeem plädéiert hie fir en „EU commissioner for happiness“.[17]

Remove ads

Publikatiounen

  • Andreas Kaplan (2021) Higher Education at the Crossroads of Disruption: The University of the 21st Century, Great Debates in Higher Education, Emerald Publishing.
  • Kaplan, A. and M. Haenlein (2019) Rulers of the world, unite! The challenges and opportunities of artificial intelligence, Business Horizons, https://doi.org/10.1016/j.bushor.2019.09.003.
  • Kaplan Andreas, Haenlein Michael (2019), “Siri, Siri in my Hand, who's the Fairest in the Land? On the Interpretations, Illustrations and Implications of Artificial Intelligence,” Business Horizons, 62 (1), 15 - 25
  • Kaplan Andreas M. (2018) A school is “a building that has four walls…with tomorrow inside”: Toward the reinvention of the business school, Business Horizons.
  • Kaplan Andreas M., Haenlein Michael (2016) Higher education and the digital revolution: About MOOCs, SPOCs, social media, and the Cookie Monster, Business Horizons, Volume 59.
  • Pucciarelli F., Kaplan Andreas M. (2016) Competition and Strategy in Higher Education: Managing Complexity and Uncertainty, Business Horizons, Volume 59(3).
  • Kaplan Andreas (2015) European business and management (Vol. I) – Cultural specificities and cross-cultural commonalities, Sage Publications Ltd., London
  • Kaplan Andreas (2015) European business and management (Vol. II) – Business ethics and corporate social responsibility, Sage Publications Ltd., London
  • Kaplan Andreas (2015) European business and management (Vol. III) – Contextual diversity and interdisciplinary aspects, Sage Publications Ltd., London
  • Kaplan Andreas(2015) European business and management (Vol. IV) – Business education and scholarly research, Sage Publications Ltd., London
  • Kaplan Andreas M. (2014) European Management and European Business Schools: Insights from the History of Business Schools, European Management Journal, 32(4), 529–534.
  • Kaplan Andreas M.(2012) Social Media wird mobil: Grundlagen, Gebrauch und Gestaltung mobiler sozialer Medien, Marketing Review St. Gallen, 4, 16–20.
  • Kaplan Andreas M. (2012) If you love something, let it go mobile: Mobile marketing and mobile social media 4x4, Business Horizons, 55(2), 129–139
  • Kaplan Andreas M., Haenlein Michael (2012) The Britney Spears universe: Social media and viral marketing at its best, Business Horizons, 55(1), 27–31
  • Kaplan Andreas (2011) Social media between the real and the virtual: How Facebook, YouTube & Co. can become an extension of the real life of their users - and sometimes even more, Prospective Strategique, 38 (Mars), 8–13
  • Kaplan A.M., Haenlein M. (2011) The early bird catches the news: Nine things you should know about micro-blogging, Business Horizons, 54(2), 105–113
  • Kaplan A.M., Haenlein M. (2011) Two hearts in 3/4 time: How to waltz the Social Media – Viral Marketing dance, Business Horizons, 54(3), 253–263
  • Kaplan Andreas M., Haenlein Michael (2010) Users of the world, unite! The challenges and opportunities of social media, Business Horizons, 53(1), 59–68
Remove ads

Kuckt och

Referenzen

  1. Haenlein Michael, Kaplan Andreas, Tales, Myths and Fairytales of Artificial Intelligence: Clarification and Decryption. California Management Review. Gekuckt den 08.12.2021.
  2. Andreas Kaplan ranked in Stanford study of the world's top 2 % of scientists. Press release. ESCP (November 10, 2020). Gekuckt den 08.12.2021.
  3. Marquis Who's Who in the World
  4. St. George's House – Leadership Fellow Archivéiert den 30.06.2023. Gekuckt den 08.12.2021.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads