European Business School From Wikipedia, the free encyclopedia
D'HEC Paris ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Jouy-en-Josas an Doha[1].
() | |
---|---|
Land | Frankräich |
Schülerzuel | 5.453 |
2023 | |
Ënnersteet der/dem | Université Paris-Saclay |
Gegrënnt | 4. Dezember 1881 |
Genannt no | Paräis |
Koordinaten | 48°45'29"N, 2°10'13"O |
Um Spaweck | https://www.hec.edu |
2021 gouf d'HEC am Ranking vun der Financial Times bescht European Business Schools gewielt[2].
De Master am Management vun der HEC war fir d'Financial Times 2015 dee weltwäit beschten. Den Executive MBA vun der HEC beleet am internationale Ranking vun där Zeitung déi 3. Plaz[3].
Der Schoul hiren MEB ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. 2017[4] huet d'Schoul den Executive Master in Innovation & Entrepreneurship an Zesummenaarbecht mat Coursera opgemaach[5]. De Programm ass 100 % online.[6]
D'HEC huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise.
D'Programmer vun der HEC sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[7].
Méi wéi 60.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de lëtzebuergesche Manager, Marc Assa.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.