lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Albert Wehrer, gebuer den 30. Januar 1895 an der Stad Lëtzebuerg, do gestuerwen den 31. Oktober 1967, war als Lëtzebuerger den éischte Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA (1952-1967).
Albert Wehrer | |
---|---|
Gebuer |
30. Januar 1895 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
31. Oktober 1967 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Diplomat, Affekot, Politiker |
Famill | |
Papp | Martin Wehrer |
Mamm | Maria Ludovicy |
Den Albert Wehrer huet zu Genf, Léck a Stroossbuerg Droit studéiert an huet duerno als Affekot geschafft. 1923 huet hien, zesumme mam Tony Pemmers, d'Conférence du jeune barreau de Luxembourg gegrënnt. Vun 1924 bis 1925 war hie President vun där Vereenegung.
1926 ass hien als juristesche Beroder an den Ausseministère komm. Do huet hie séier Karriär gemaach. Hie gouf als Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg beim Vëlkerbond op Genf geschéckt an huet do Lëtzebuerg an de Sëtzunge vertratt.
1938 gouf e Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Regierung.
Wéi d'Regierung den 9. Mee 1940, op der Flucht virum däitschen Envahisseur, sech an dat alliéiert Ausland ofgesat huet, huet se hie chargéiert, fir als Chef vun enger Verwaltungskommissioun d'Lëtzebuerger Interessen ze verdeedegen[1]. Déi Missioun huet just bis den 22. Oktober 1940 gedauert, well den Okkupant huet hien ofgesat, agespaart an duerno no Däitschland deportéiert. De Gauleiter Gustav Simon soll bei der eenzeger Géigeniwwerstellung den Albert Wehrer ugebrëllt hunn: Wir sind mit Schuschnigg fertig geworden, wir werden auch mit Ihnen fertig![2].
An der Deportatioun hat den Albert Wehrer Kontakt mat enger Rei vun däitsche Resistenzler, ënner anerem mam Carl Friedrich Goerdeler, dem Oberbürgermeister vu Leipzig, deen nom Attentat vum 20. Juli 1944 higeriicht gouf.
Nom Enn vum Krich gouf den Albert Wehrer Chef vun der Lëtzebuerger Militärmissioun (am Grad vun engem Colonel) bei der alliéierter Kontrollkommissioun zu Berlin. Hie war duerno (1949) Gesandten zu Bonn an uschléissend Lëtzebuerger Ambassadeur zu Paräis bei der franséischer Regierung. An där Funktioun war hien un de Verhandlungen iwwer d'Schafung vun der Montanunioun (CECA) bedeelegt.
Den Albert Wehrer war e liberale Mënsch deen no alle Säiten hin op war. Hie war ëmmer gutt gelaunt, huet gär Spiichten erzielt an hat vill Frënn. Wärend an no senger Paräisser Zäit war hien enk mam Angelo Giuseppe Roncalli, dem spéidere Poopst Johannes XXIII., deen deemools Nuntius a gläichzäiteg Doyen vum diplomatesche Corps zu Paräis war, befrënnt. Wéi deen nach Nuntius zu Paräis war, koum hien och bei den Albert Wehrer op Lëtzebuerg op Besuch.
Den Albert Wehrer ass den 31. Oktober 1967 zu Lëtzebuerg am Alter vu 75 Joer gestuerwen.
An der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg, dréit eng Strooss dem Albert Wehrer säin Numm.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.